De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse waren op Auslandsvisitt zu Berlin
Um Méindeg waren de Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie zu Berlin op hirer zweeter Auslandsvisitt.
Et war richtegt Berliner Hierschtwieder fir d'Visitt vun der neier groussherzoglecher Koppel: Genee wéi den Auto mam Grand-Duc an der Grande-Duchesse ukomm ass, huet et ugefaange mat reenen.
Dat war och sécherlech mat de Grond, wisou net wierklech vill Leit beim Schlass Bellevue stoungen, fir d'Arrivée vun der Koppel ze gesinn.
Direkt virum Schlass stoung awer schonn alles prett. Déi Lëtzebuerger Delegatioun gouf ugefouert vum Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel.
Déi groussherzoglech Koppel ass vum Bundespresident Frank-Walter Steinmeier a senger Fra Elke Büdenbender empfaange ginn. Nieft den offizielle Fotoe stoung och eng Revue vun den Truppen um Programm. An natierlech sinn och déi däitsch an déi lëtzebuergesch Nationalhymne gespillt ginn.
Duerno goufen déi zwou Delegatioune virgestallt – mat all Kéiers där Persoun mam héchste Rang ganz lénks, wéi de Protokoll et virgesäit.






















































































































































Dann ass et an d'Schlass Bellevue eragaangen, wou sech déi groussherzoglech Koppel an d'gëllent Buch agedroen huet. Do duerft awer just d'Presse Image mat eran, also an eisem Fall bedeit dat, just de Kameramann. Wärend de Grand-Duc eng Entrevue mam Bundespresident Steinmeier hat, war d'Grande-Duchesse an engem anere Salon mat ënnert anerem der Elke Büdenbender.
Duerno goung et an d'Residenz vun der Lëtzebuerger Ambassadrice zu Berlin, Sylvie Lucas, wou et no enger Presentatioun a Fotoen e Mëttegiessen gouf.
Esou eng Visitt wäert iwweregens an den nächste fënnef bis sechs Joer net am Schlass Bellevue kënne widderholl ginn. De Frank-Walter Steinmeier muss nämlech d'nächst Joer plënneren, well d'Schlass renovéiert gëtt. Den Amtssëtz vum Bundespresident kënnt da provisoresch op Berlin-Moabit.
Déi nächst Visite de courtoisie fir de Grand-Duc Guillaume an d’Grande-Duchesse Stéphanie ass am November zu Amsterdam.