Ville jonke Leit mécht den Afloss vu Kënschtlecher Intelligenz op verschidde Secteure Suergen.

Bei enger Etüd vun der Krankenkasse Barmer aus dem Hierscht 2024 wier deemno erauskomm, datt méi wéi all fënnefte (22 Prozent) vun de 14 bis 17 Joer ale Befroten Angscht hätt, datt hir berufflech Pläng vu KI menacéiert kéinte ginn. 2023 hate 17 Prozent dës Suerg gedeelt.

23 Prozent hu sech guer keng Suerge gemaach, datt Kënschtlech Intelligenz hir berufflech Zukunft a Gefor brénge kéint, 46 Prozent hunn hir Perspektiven "éischter net" menacéiert ginn. Am Ganze Land goufen am Hierscht 2024 ronn 2.000 Jugendlecher befrot.

Bal all véierte Befroten, an domat 23 Prozent, géing gären am IT-Secteur schaffen. 19 Prozent dovu maache sech Suergen ëm hir Zukunft. Bei der Elektrotechnik hu 27 Prozent an am Beräich vun der Produktioun 24 Prozent hir berufflech Pläng a Gefor gesinn.

"D'Onsécherheet iwwer de richtege Beruffswee, déi duerch digital Transformatioun, Automatiséierung a Konkurrenz an der globaler Ekonomie verstäerkt gëtt, zielt zanter Joren trotz demografeschem Wiessel zu de grousse Suerge vun der Jugend", sou de Chef vu Barmer, de Christoph Straub.

Bei den Erwaardungen un hir zukünfteg Patrone läit der Etüd no d'Pai mat 78 Prozent op éischter Plaz. Op Plaz zwee koume mat 62 Prozent d'Wäertschätzung an d'Unerkennung.