D'UNO schwätzt aktuell vun der schwéierster humanitärer Kris op der Welt. No der Eruewerung vun der Stad al-Faschir knapp 300.000 Ziviliste fest.

E Méindeg ass et der paramilitärescher Miliz RSF am Sudan gelongen, mat al-Faschir déi lescht grouss Stad am Südweste vum Land anzehuelen an domat d'Arméi vun do ze verdreiwen. International kuckt ee besuergt op d'Situatioun vun den Zivilisten, déi do elo festsëtzen. Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres huet vun enger "schrecklecher Eskalatioun vum Konflikt" am Land geschwat, dat zanter Joren ënnert engem uerge Biergerkrich leit.

"D'Ausmooss vum Leiden, dat mir am Sudan erliewen, ass net ze erdroen."

Sou de Guterres op Nofro vun der AFP weider. Gemengt ass déi humanitär Situatioun vun de ronn 260.000 Zivilisten, vun deenen d'Hallschent Kanner sinn. Si sëtzen ouni Hëllef an ouni Iesse fest. Aenzeie vun der Plaz mellen, et géing ee sech antëscht vun Déierefudder ernären. Nieft der prekärer humanitärer Situatioun géif et donieft och ëmmer nees zu Massakeren an Hiriichtunge vun der RSF-Miliz kommen. Op de Soziale Medie sinn an deene leschte Stonnen eng Rei Videoen zirkuléiert, op deene Läichen op de Stroosse leien.

De Gouverneur vun der Regioun Darfur, an där al-Faschir läit, huet e Méindeg de "Schutz vun der Zivilbevëlkerung" gefuerdert. Zousätzlech fuerdert hien eng "onofhängeg Ermëttlung vun de Verstéiss an de Massaker, déi d'Miliz baussent der Ëffentlechkeet begaangen huet."

Zanter Abrëll 2023 goufe bei de Kämpf tëscht der Arméi an der RSF-Miliz am Sudan schonn zéngdausende Mënschen, haaptsächlech Zivilisten, ëmbruecht. Ronn 12 Milliounen Awunner hu missen aus hiren Heemechtsregioune flüchten. Mat der Eruewerung vun der Stad al-Faschir kéint elo ee grousse Wendepunkt ustoen, deen op d'Käschte vun der Zivilbevëlkerung geet. D'UNO schwätzt dofir vun der schwéierster humanitärer Kris vun der Welt, virun allem well et aktuell keng Siicht op eng Besserung vun der Lag op der Plaz gëtt.