Klore Succès fir de Javier Milei bei Parlamentswalen an Argentinien
© Photo by LUIS ROBAYO / AFP
Duerch dës Victoire huet d'Partei vum Milei elo am Senat an an der Chamber d'Majoritéit. De Wee fir déi geplangt radikal Spuerpolitik ass domat fräi.
Bei de Parlamentswalen an Argentinien huet d'Partei La Libertad Avanza (LLA) vum ultraliberale President Javier Milei e klore Succès gefeiert. No der Auszielung vu ronn 97 Prozent vun de Wielerstëmme wier seng Partei op 40,7 Prozent komm, wärend déi oppositionell Mëtt-Lénks-Partei Fuerza Patria nëmmen 31,6 Prozent krut.
"Haut hu mir ee Wendepunkt erreecht, haut fänkt den Opbau vun engem groussaartegen Argentinien un"
Sou de Milei zu senge Wieler no der Victoire zu Buenos Aires. Bei de Parlamentswale gouf iwwer d'Neibesetzung vun der Hallschent vun de Sëtz an der Chamber a vun engem Drëttel vun de Sëtz am Senat decidéiert. Wéi vill Sëtz d'LLA, déi bis elo an der Chamber an am Senat nach an der Minoritéit war, elo dobäi kritt, ass nach net offiziell bekannt. Dem argentinesche President no hätt een awer mat dësem klore Succès seng Sëtz verdräifacht, mat elo 101 amplaz vu 37 Sëtz an der Chamber an 20 amplaz vu 6 am Senat. Domat wier de Wee fir seng radikal Spuermoossname fräi, déi bis elo nach vun der Oppositioun blockéiert goufen.
An Argentinien ass déi politesch a wirtschaftlech Lag knapp zwee Joer zanter der Wal vum Javier Milei als neie President, virun allem wéinst der geplangter radikaler Spuerpolitik, immens ugespaant. Am Land gëtt et ënnert den Awunner dowéinst eng grouss Onzefriddenheet, dat weist sech virun allem un der aktueller Walbedeelegung vu just 67,9 Prozent, dem niddregste Wäert zanter véier Joerzéngten.