USA wéilte mat Krichsschëffer virun Trinidad "Krich an der Karibik" provozéieren
D'US-Krichsschëff "USS Gravely" virun Trinidad an Tobago / © Martin Bernetti / AFP
Nodeems d'USA Krichsschëffer an d'Karibik geschéckt hunn, reprochéiert Venezuela de Vereenegte Staate "Provokatioun".
"Venezuela verurteelt déi militäresch Provokatioun vun Trinidad an Tobago an Zesummenaarbecht mat der CIA, déi dorop ofziilt, e Krich an der Karibik ze provozéieren", huet d'Regierung vum President Nicolás Maduro e Sonndeg erkläert. Virdru war d'US-Krichsschëff "USS Gravely" virun Trinidad an Tobago ukomm, nodeem de Pentagon schonn e "Fligerträger" vum Typ "Gerald R. Ford" an d'Karibik geschéckt hat.
D'Regierung vun Trinidad an Tobago hat d'Arrivée vum US-Krichsschëff "USS Gravely" schonn en Donneschdeg bekannt ginn. Virun der Haaptstad Port of Spain sollen d'Schëffer da bis en Donneschdeg bleiwen. An där Zäit sollen d'Zaldote vun der Marinn offiziellen Informatiounen no gemeinsam Übunge mat den Truppe vum Inselstaat organiséieren.
E puer Stonnen no der Arrivée vum "USS Gravely" virun Trinidad hat d'venezuelanesch Regierung matgedeelt, datt een "e Grupp vu Söldner" festgeholl hätt, deem si Relatioune mam US-Auslandsgeheimdéngscht CIA reprochéieren. De Grupp hätt eng "Attack ënner falschem Fändel" preparéiert, déi zu enger "militärescher Konfrontatioun" eskaléiere kéint.