Am Oktober 2016 gouf e gegrënnt, ma um Méindeg eréischt gouf en offiziell ageweit. De "Luxembourg Centre for Contemporary an Digital History".

Fir dëst Joer huet en ee Budget vu 5,2 Milliounen Euro. A wéi den Numm et seet, geet et nieft der zäitgenëssescher Geschicht vu Lëtzebuerg an Europa och ëm Geschicht an Digitales.

E ganz anert Schaffe respektiv Erliewe vun der Geschicht gëtt duerch déi nei Technike méiglech: Gebaier oder Géigestänn kënne virtuell besicht, respektiv benotzt ginn, oder ginn eragescanned a mat engem 3-D Printer nogebaut.

Déi nei digital Methoden an der Geschichtswëssenschaft developpéieren a notzen, dat soll eng vun den Stäerkte vum neien Institut sinn, an deem 65 Leit schaffen, respektiv fuerschen.

Eng Reportage vum Sacha Georges