
© Bea Kneip / RTL
Renconteren an Iwwerraschungen - D'Frankfurter Buchmesse ass fir jiddereen anescht.
Aus deene sëllegen Evenementer, déi iwwer déi fënnef Deeg ugebuede ginn, muss all Visiteur säi perséinleche Choix treffen, a sech bewosst sinn, dass e (bal) alles vun der enormer Programm-Offer verpasse wäert. D'Leit komme mat ganz ënnerschiddlechen Erwaardungen op Frankfurt.
Eleng eng 11.8500 Visiteure waren aus beruffleche Grënn op der Plaz, sief et fir hir Bicher virzestellen oder iwwer Rechter ze verhandelen. 4.350 Stänn hunn op Leit aus der Buchbranche a privat Visiteure gewaart. De grousse Public hat dëst Joer dräi Deeg laang Zäit fir duerch d’Halen ze trëppelen, fir sech d'Buch-Neiheeten unzekucken, déi aus 125 Länner de Wee op Frankfurt fonnt haten.
Frankfurter Buchmesse, méi wéi nëmme just Zuelen
Fir vill Leit ass et eng Geleeënheet, hire Liblingsauteur perséinlech ze begéinen a sech e Buch signéieren ze loossen. D'Waardeschlaange sinn dacks laang, mä dovu léisst sech en echte Fan net ofschrecken. Dass prominent Auteure wéi de Sebastian Fitzek vill Leit unzéien, dierft kee verwonneren, mä all Genre huet seng eege Staren. D'Hal 1.2 war zum Beispill op der FBM 2025 fir d'zweete Kéier fir d'Fans vu Fantasy a Romantasy reservéiert, e Genre dat virun allem jonk Lieser begeeschtert.

Scho Freides Moies direkt no der Ouverture war op dësem Stand an der Hal 1.2 vill Undrang. Wourop hunn d'Leit hei gewaart? / © Bea Kneip/RTL
E puer kleng Enttäuschunge gouf et trotzdeem, zum Beispill hätt ee sech e Besuch vum Kulturminister um Lëtzebuerger Stand gewënscht.
Weider Artikelen am Zesummenhang mat der Frankfurter Buchmesse 2025:
Erëffnung vun der Frankfurter Buchmesse 2025
Gaaschtland Philippinnen: Interview mam Schrëftsteller José Dalisay