Iechternacher Sprangprëssessioun
Um Péngschtdënschdeg war et den traditionelle Rendez-vous vun der Sprangprëssessioun zu Iechternach.
Dëse Päischtdënschdeg stoung vum Wieder hier awer ënner kengem gudde Stär.
Et war e liicht anert Bild wat engem en Dënschdeg zu Iechternach gebuede gouf. Wou een déi lëscht Joren vu Sonn verwinnt gi war, huet et haut mat Momenter gedrëpst. An awer hunn d'Leit sech net dovunner ofschrecke gelooss.
Gesprong gëtt zu Iechternach zu Éiere vum hellege Willibrord. Deen am 7. Jorhonnert zu Carlow an Irland am Klouschter wor, a spéider eng Missiounsrees gemaach huet. 698 huet de Willibrord d'Klouschter zu Iechternach gegrënnt a sou de Grondstee vun der eelster Stad vu Lëtzebuerg geluecht. Fir déi éischte Kéier woren och 60 Leit aus Irland op Lëtzebuerg komm.
Ronn 10.000 Sprénger a Spectateure waren an d'Abteistad komm. Am Dräisprong goung et 1,5km duerch Iechternach bis an d'Basilika bei d'Graf vum hellege Willibrord.
Wat motivéiert d'Leit hautdesdaags un där reliéiser Traditioun Deel ze huelen? Firwat kommen och Irlänner heihi gepilgert? A stëmmt dat iwwerhaapt, datt een am Dräisprong zwee Schrëtt no vir an een zréck spréngt?
D'Monika Semedo ass dëse Froen ob de Fong gaangen.
Fotogalerie vun der Iechternacher Sprangprëssessioun

© RTL Télé Lëtzebuerg / Pierre Weimerskirch

© RTL Télé Lëtzebuerg / Pierre Weimerskirch