De lëschtegen Action-Thriller spillt zu New York am Joer 1998.

Den Amerikanesch Filmrealisateur Darren Aronofsky ass e Meeschter vu sengem Handwierk. Mat Filmer wéi REQUIEM FOR A DREAM, THE WRESTLER oder nach BLACK SWAN huet hien ëmmer nees d‘Schicksaler vu marginaliséierte Personnage op virtuos Manéier an Zeen gesat. Dat ass bei sengem rezente Film CAUGHT STEALING net anescht.

New York, 1998. Den Hank, e Barmann a grousst fréiert Baseball-Talent lieft ouni Ambitioun, tëschent Alkoholexzesser a Baseball Resultater. Den eenzege Liichtbléck ass seng Relatioun mam Yvonne. Duerch en zoufällegt an tragescht Uneneereie vu Schicksalsschléi geréit den Hank an eng Spiral vun der Gewalt wann hien akzeptéiert sech ëm d’Katz vu sengem Noper, engem brittesche Punk, ze këmmeren. Hie geréit séier an de Viséier vu redoutabele Gangsteren a vun der Police, wa bis erauskënnt, dat säin Noper véier Milliounen Dollar anzwousch verstoppt huet.

Nom The Whale, engem klaustrophobeschen an tragesche Portrait, mëllt den Darren Aronofsky sech mat engem komplett anere Genre vu Film zeréck. Hannert engem Actionfilm, deen op liichten Entertainment aus ass, verstoppt sech eng frontal Kritik un enger Welt voller Leed a sozialer Ongerechtegkeet, wou nëmmen déi iwwerliewen, déi bereet sinn, iwwer Läichen ze goen.

Mat der Hëllef vun engem flotten a spannende Rhythmus an engem charismateschen Austin Butler spillt de Realisateur Aronofsky mat de Géigesätz: Spaass a Gewalt ginn Hand an Hand mat der Oppositioun tëschent der Realitéit a Wonschdenken.

Den Aronosky bréngt an engems seng typesch Themen nees op déi grouss Leinwand. Virop déi amerikanesch Obsessioun mam Erfolleg, d’Sich nom Sënn vum Liewen an dat Gefill an der Gesellschaft verluer ze sinn.

Caught Stealing ass e lëschtegen Action-Thriller, deem et geléngt iwwert d’Ënnerhalung eraus e perséinleche Kommentar iwwer eng Gesellschaft, déi kuerz virum Zesummebroch steet, a Biller ze faassen.