VIDEO: Lynn’s Little LuxembourgEng verdreemten a poetesch Vue op Lëtzebuerg

D'Illustratrice Lynn Cosyn weist hei alldeeglech Situatiounen an awer och Charakteristiken aus eisem Ländchen, an dëst op eng ganz charmant Manéier.

Lynn’s Little Luxembourg (13.12.2017)
D'Illustratrice Lynn Cosyn weist hei alldeeglech Situatiounen an awer och Charakteristiken aus eisem Ländchen, an dëst op eng ganz charmant Manéier.
Am Kulturhaus Nidderanven kritt een den Ament mat der Ausstellung "Lynn’s Little Luxembourg" eng ganz verdreemten a poetesch Vue op Lëtzebuerg gebueden.

Et ass nach net laang hier, datt d’Lëtzebuergerin Lynn Cosyn de Schratt an d'Selbstännegkeet gewot huet. Déi geléiert Architektin huet 2016 hir Passioun zum Beruff gemaach.

Niewent der Kaart vun der Stad Lëtzebuerg huet si och dëst Joer de Concours gewonnen, fir d’Affiche vun der Fouer ze illustréieren. Mat hiren einfachen Illustratiounen huet si hei e ganzen Univers creéiert, wou typesch Elementer vun der Fouer net feelen dierfen.

Ganz detailléiert ass si un d'Thema Lëtzebuerg erugaangen. De Roude Léiw, d'Melusina, de Kachkéis oder d’Gëlle Fra huet si verspillt an hir Biller agebaut. Awer och Plazen, wéi de Stauséi kommen hei vir. Esou hält si alldeeglech Momenter an hiren Zeechnunge fest.

Et ass hir éischten Eenzelausstellung hei am Kulturhaus zu Nidderanven, Commanden huet si mëttlerweil immens vill, a fir d’nächst Joer ass si dann och fir eng Kënschtlerresidenz zu Tokio selectionéiert ginn.

Lynn’s little Luxembourg kann een nach bis de 15. Dezember kucke goen.

© RTL Télé Lëtzebuerg




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.