Et bleift ee vun de gréisste Klassiker – e Meeschterwierk, dat sech iwwerhaapt net un d'Reegele vum Radio oder Mainstream gehalen huet.

Sechs Minutte laang, kee Refrain, keng Strofen – mee eng Rees duerch verschidde Welten: vun enger douce Ballad iwwer eng Oper bis bei Hardrock.

De Freddie Mercury huet de Song eleng geschriwwen, um Piano a senger Wunneng zu London. Hien hat d'Stécker am Kapp an huet se duerno am Studio Stéck fir Stéck zesummegesat.

Fir d'Oper-Passagen hu Queen iwwer 180 Gesangsspueren opgeholl, alles nach analog, ouni Computer. Déi dräi Wochen am Studio waren deier, laang an usprochsvoll, mee d'Resultat war eng kleng Revolutioun.

De richtege Radiosender hat seng Fanger am Spill

Happ Birthday "Bohemian Rhapsody"

D'Plackefirma war net begeeschtert: "Ze laang, ze komesch, kee Refrain."

Mee Queen hunn dru gegleeft a si bei Capital Radio gaangen, méi genee bei de Moderator Kenny Everett. Deen huet d'Lidd op engem Weekend 14 Mol gespillt an d'Leit si geckeg ginn. De Rescht ass Geschicht: Bohemian Rhapsody ass duerch de Plaffong gaangen.

An iwwregens: De Kenny Everett huet seng Karriär bei Radio Luxembourg ugefaangen.

Fir d'BBC-Sendung Top of the Pops wollt d'Band net einfach Playback spillen. Also hu si e Video gedréint, mat einfache Mëttel, mee engem onvergiesslechen Effekt: déi véier Käpp vu Queen beliicht, d'Oper-Stëmm, de mysteschen Toun. De Clip gëllt haut als ee vun den éischte richtege Museksvideoen iwwerhaapt an dat siwe Joer éier et iwwerhaapt MTV gouf.

Vu Scaramouche bis Fandango

D'Lidd besteet aus sechs Deeler:
1. A-capella-Intro
2. Ballad
3. Gitarrsolo
4. Oper
5. Rock
6. Coda

An et ass net nëmmen d'Struktur, déi faszinéiert, mee och d'Texter bleiwen e Rätsel. Wien ass de Scaramouche? Eng Figur aus dem italieenesche Vollekstheater, en Téinert. an e Fandango? Eng spuenesch Danzform. Wat d'Lidd am Kär bedeit, dat huet de Freddie ni erkläert.

De Queen-Gittarist Brian May sot emol: "D'Lidd huet nach ëmmer Geheimnisser. An dat ass schéin. Op eng Aart a Weis ass et gutt, dass mer de Freddie net méi froe kënnen. Eis Imaginatioun bleift gefrot, sou wéi et soll sinn."

Bohemian Rhapsody stoung 1975 néng Wochen op der éischter Plaz an de britteschen Charts. Nom Doud vum Freddie Mercury 1991 koum d'Lidd nach eng Kéier zeréck – erëm op Plaz 1. 1992, mam Film Wayne's World, gouf et och an den USA nach eng Kéier e Hit. A bis haut ass Bohemian Rhapsody de meeschtgestreamte Song aus dem 20. Joerhonnert mat iwwer zwee Milliarde Streams op Spotify. All Dag lauschteren iwwer eng Millioun Leit dëst Stéck Museksgeschicht.

Grousst Gewënnspill um Radio

De ronne Gebuertsdag feiere mir mat engem richtege Highlight:
 
RTL verspillt e Bohemian Rhapsody Fanpackage mat dräi Artikelen:
Bohemian Rhapsody Maxi Single – 50th Anniversary Edition (Blue Vinyl)
Bohemian Rhapsody T-Shirt 
Bohemian Rhapsody – De Film op Blue Ray

RTL

© RTL