VIDEO: Projet "Reset"En neien Jazz Festival

Den 11. Januar gëtt de Reset Festival um 19.30 Auer an der Brasserie Wënzel lancéiert. Bis den 13. Januar gi Concerte gespillt.

Reset Festival (10.01.2018)
Den 11. Januar gëtt de Reset Festival um 19.30 Auer an der Brasserie Wënzel lancéiert. Bis den 13. Januar gi Concerte gespillt.
Wéi kéint een den Jazz nei erliewen an ëmstrukturéieren? Mat där Fro huet de Lëtzebuerger Museker Pascal Schumacher sech ausernee gesat. Dobäi eraus komm ass de klenge Festival "Reset", wou aacht ganz verschidde Museker aus Europa zesummekomm sinn, fir an e puer Deeg e méi aussergewéinlechen Jazz Projet z'entwéckelen.

An der Abtei Neimënster ass de Projet "Reset" gebuer, zesumme mam Pascal Schumacher sinn dann aacht ganz verschidde Museker erausgesicht ginn, déi sech virdru guer net kannt hunn. D'Iddi ass et, hei vum klasseschen Jazz ewechzekommen an dem Experiment, der Fräiheet an der Diversitéit, Prioritéit ze ginn.

Wichteg war et dem Pascal an dem Ainoha Achutegui, der Directrice vun der Abtei Neimënster, eng nei Formule fir en Jazz Festival am Wanter ze fannen. Vun Null ufänken an zesumme bannent e puer Deeg e Resultat kréien.

D'Museker hu sech deels als Duo zesummegedoen an awer och e puer Stécker alleguer zesummen ausgeschafft. Och wann de musikalesche Background bei jidderengem verschidden ass, ass et hinne gelongen eng gemeinsam Sprooch ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.