"Ballad of a small player" vum Edward Berger
Mat Filmer wéi "All quiet on the western front" oder "Conclave" ass den däitsch gebiertege Realisateur Edward Berger an de leschten dräi Joer an d’Elitt vun den Hollywood-Cineasten opgestigen. Dem Oscar Gewënner säin neie Film "Ballad of a small player" ass eng Netflix-Produktioun mam Collin Farrell an der Haaptroll.
De Lord Doyle ass e spillsüchtege Gauner, dee sech et zu Macao gutt goe léisst, bis hien all seng Suen ausginn a verspillt huet a seng kriminell Vergaangenheet hien um Baccara-Dësch afänkt.
Baséiert um Buch vum Lawrence Osborne aus dem Joer 2014 ass "Ballad of a small player" um visuellen Niveau eng Klass fir sech an ee vun den Highlights vum Joer. Den Edward Berger a säi Chef-Operateur a Beliichter James Friend loosse Macao wéi e futuristescht an utopescht Labyrinth ausgesinn.
Spektakulär a prägnant Biller reie sech hei ouni Enn uneneen. Doriwwer eraus geléngt et dësem Drama iwwert e spillsüchtegen an depressive Mann net wierklech eng koherent an ergräifend Geschicht ze erzielen. Den Enjeu vum Personnage ass wuel kloer, hie muss seng Schold begläichen oder et bléift him näischt aneres iwwreg, wéi sech a säin eegenen Doud ze stierzen.
Déi Course géint Zäit där hien ausgesat gëtt, ass awer weder spannend nach iwwerraschend. Ëmmer nees bevirdeelegt de Berger et säi Personnage eleng a giganteschen Dekoren ze weisen, a seng Relatioun mat enger mysteriéiser Fra, déi zu sengem Schutzengel gëtt, ass genee esou wéineg exploitéiert, wéi dem Haaptpersonnage seng Naupen an Defiziter. Sou datt "Ballad of a small player" e visuelle Bijou ass hannert deem sech awer en Drama verstoppt, dat sech selwer ze vill eescht hëlt, ouni awer jee op de Fong vu sengem Sujet ze goen, an dat trotz engem extrem engagéierte Collin Farrell, deen de Film schlussendlech op senge Schëlleren dréit.