1. Bourse geet un d'Sarah Meyers

Am Dezember 2016 goufen am Kader vun enger Ausstellung, déi déi ierfgroussherzoglech Koppel initiéiert hat, Sue gesammelt.
D'Ausstellung op Initiativ vun der ierfgroussherzoglecher Koppel hat als But, d'Konschthandwierk an indirekt och d'Handwierk zu Lëtzebuerg an de Mëttelpunkt ze stellen.
A Form vun enger Bourse soll an Zukunft een Deel vun de Recettë vun der Expo "De Mains de Mâitres" den Handwierker ze gutt kommen a si dobäi ënnerstëtzen hiert Kënnen ze perfektionéieren.
Déi éischt Bourse "De Mains de Mâitres" geet un d'Sarah Meyers. De 17. Januar 2018 ass d'Sarah Meyers an der Chambre des Métiers ausgezeechent ginn.
PDF: Communiqué de presse: Première bourse De Mains de Maîtres pour Sarah Meyers