E Mëttwoch den Owend gëtt zu Köln den "Deutscher Fernsehpreis" iwwerreecht

© Photo by TOBIAS STEINMAURER / APA-PictureDesk / APA-PictureDesk via AFP
Ausgezeechent gi jo hei däitsch Fernseefilmer a Serien, sou wéi Schauspillerinnen a Schauspiller.
D'Beräicher fir déi Präisser verdeelt ginn, zéie sech iwwer Fiktioun, Ënnerhalung, Informatioun a Sport, a ganzer 27 Kategorien.
Den, och iwwert d'Grenzen ewech, däitsche Komiker a Museker Otto Waalkes gëtt fir säi Liewenswierk mam Éierepräis ausgezeechent. Wéi déi Verantwortlech vun der Gala an enger Erklärung betounen, hätt den Otto den Humor an Däitschland "nei erfonnt".
De Fernseepräis gëtt zesumme vun den ëffentlech-rechtlechen a private Senderen ARD, ZDF, RTL a Sat. 1, sou wéi dem Streaming-Service MagentaTV vun der däitscher Telekom an de verschiddene Kategorien iwwerreecht, dat wéi gesot zu Köln, vun 20.15 Auer un.
Déi éischte Kéier gouf de Präis iwwregens am Joer 1999 u besonnesch Leeschtung am Fernsee iwwerginn.