Project Room: De Julien Hübsch an der Konschthal zu Esch
Zanter 2022 organiséiert d’Konschthal zu Esch reegelméisseg d’Format "Project Room", bei deem verschidde Kënschtler a Kënschtlerinnen d’Méiglechkeet kréien, hir artistesch Projeten an engem kreative Raum auszestellen.
Dëst Joer ginn dofir iwwert de Summer véier Ausstellunge gewisen, vum Claudia Passeri, Julien Hübsch, Letitzia Romanini a Jeremy Palluce.
Julien Hübsch
De Julien Hübsch weist a sengem Project Room giel Installatiounen, déi sech mat der Iddi vum urbane Raum beschäftegen an hannerfroen, wiem ëffentleche Raum gehéiert a wien decidéieren dierf, wat wou gemaach gëtt. Dobäi spillen d’mënschlech Interventioun a Vandalismus och eng wichteg Roll, well se weise, wéi sech esou Tracen an en urbaant Ëmfeld integréieren. Den Titel vu senger Expo ass Desirelines/Archive/Loops a besteet aus zwee Deeler.
Um éischte Stack vun der Konschthal fënnt een dee gréissten Deel, dee sech virun allem mat der Iddi vun den Desirelines auserneesetzt. Dëst si sougenannten Trampelpfaden, déi urbanistesch net geplangt goufen, ma awer mat der Zäit, duerch d’Leit, déi sech op enger Plaz ophalen, entstinn. D’Inspiratioun fir dësen Deel vun der Ausstellung war e Wunnquartier zu Montréal, dee komplett duerch eng Zuchlinn getrennt ass. Hei hunn d’Awunner mat der Zäit ugefaangen, den Drot laanscht d’Zuchstreck futti ze maachen, fir esou e Wee op déi aner Säit ze schafen. Fir dëse Sujet a senger Aarbecht ze representéieren, huet de Julien Hübsch zum Deel mat Drot geschafft. Et fënnt een awer och Mauerelementer, Graffiti oder e Videoprojet a sengem Wierk erëm.
Den zweeten Deel vu senger Expo fënnt een um Rez-de-chaussée. Hei steet eng Skulptur aus gielen Eemeren, déi normalerweis als Schuttrutschen op Chantiere benotzt ginn. De Julien Hübsch huet dës Eemeren awer zu engem vollstännege Krees zesummegestach, esou dass et weeder en Ufank nach e Schluss vun der “Rutsch” gëtt. Esou soll d’Iddi vun engem Däiwelskrees duergestallt ginn, wat d’Fro an de Raum wërft, op eng Stad jee wierklech fäerdeg ass.
De Kënschtler, deen am Minett opgewuess ass, zitt seng Inspiratioun aus sengem Ëmfeld. De Prozess, also d’Kucken an Observéiere vum urbane Raum ronderëm hien, wieren dee wichtegsten Deel vu sengem Schafensprozess. Säin Interessi u Chantieren ass wärend der Corona-Pandemie entstanen, wou hie vill verloosse Chantieren entdeckt huet, déi fir hie wéi eng Mini-Konschtausstellung ausgesinn hunn.
Bis den 21. September sinn déi véier Expoen aus der Serie Project Room nach an der Konschthal ze gesinn.