Matten a London huet de brittesche Street-Art-Kënschtler erëm zougeschloen. Säin neiste Graffiti wäert awer net laang ze bestaune sinn.

Op en eigentlech streng bewaachte Gebai vum Justizministère huet den onbekannte Kënschtler säi neit Wierk gesprayt. Et weist e Riichter, dee mat sengem Hummer op en Demonstrant aschléit, deen um Buedem läit a sech mat engem bluddege Schëld verdeedege wëll. De Graffiti spillt un op déi sëllegen Arrestatioune bei de Solidaritéitsdemonstratioune fir eng pro-palästinensesch Grupp aus de leschte Wochen. Réischt leschte Samschdeg ware bal 900 Leit festgeholl ginn.

Normalerweis gëlle ronderëm de Queen's Building streng Sécherheetsmesuren. Wéi de Banksy säi Konschtwierk realiséiere konnt, ass net gewosst. Sécher ass awer, dass et net laang wäert iwwerliewen. Well d'Gebai ënner Denkmalschutz steet, muss et ewech gemaach ginn. Entretemps ass de Graffiti scho mat Palissade verdeckt ginn.

Op Instagram huet de mysteriéise Kënschtler säi Wierk esou presentéiert: