"LOA-Season Closing" dëse Weekend4 Bünen op der Metzeschmelz tëscht Esch a Schëffleng

RTL Lëtzebuerg
D’Organisateure vum gréissten elektronesche Museksfestival am Land ginn an der Reegel zwee Mol d’Joer Rendez-vous, fir op engem flotte Site ze feieren.
LOA
4 Bünen op der Metzeschmelz tëscht Esch a Schëffleng

Den Opening am Mee war um Belval an de Closing am September ass déi lescht Joren ëmmer virun der Philharmonie um Kierchbierg gewiescht. Dëst Joer ass dat awer anescht an et huet ee sech scho bal en ikonesche Site erausgesicht.

Op der Metzeschmelz tëscht Esch a Schëffleng gouf vun 1871 u Stol produzéiert an dëse Weekend gëtt do richteg gefeiert. Eng 8 international DJen an eng ganz Rei lokal Artisten trieden op.

Am Ganze gi 4 Bünen opgeriicht, dorënner eng grouss Mainstage, awer och e sougenannten Technobus oder eng Rave Cave sinn um Site ze fannen. Zu den Headliner vun dëser Editioun ziele W&W, Maddix, Avaion a Bennett.

Back to Top
CIM LOGO