Si iwwerhëlt d'Successioun vum Olivier Frank, dee 14 Joer op deem Poste war.

Den Institut Pierre Werner kritt mam Sonia da Silva eng nei Direktesch. Déi aktuell Responsabel vun der Kommunikatioun am Nationalen Geschichts- a Konschtmusée iwwerhëlt d'Direktioun vun Januar un.
 
Domat trëtt d'Sonia da Silva d'Successioun vum Olivier Frank un, dee 14 Joer laang Direkter am Institut Pierre Werner war an am Communiqué vum Verwaltungsrot fir seng Kompetenz Merci gesot kritt.
D'Madamm da Silva war virum Engagement am MNAHA ënnert anerem laang Jore Journalistin bei St Paul.
 
President vum Verwaltungsrot bleift iwwerdeem de fréieren DP-Minister Henri Grethen.
 
Den Europäesche Kulturzenter "Pierre Werner" mat Sëtz an der Abtei Neimünster gouf 2003 op Initiative vun de Regierung aus Däitschland, Frankräich an dem Grand-Duché gegrënnt, dat ganz am Geescht vu Kolpech, dee vum Emile an Aline Mayrisch de Saint-Hubert initiéiert gouf.