Project Room: D'Letizia Romanini an der Konschthal zu Esch
Zanter 2022 organiséiert d’Konschthal zu Esch reegelméisseg d’Format "Project Room", bei deem verschidde Kënschtler a Kënschtlerinnen d’Méiglechkeet kréien, hir artistesch Projeten an engem kreative Raum auszestellen.
Dëst Joer ginn dofir iwwert de Summer véier Ausstellunge gewisen, vum Claudia Passeri, Julien Hübsch, Letizia Romanini a Jeremy Palluce.
Letizia Romanini
Installatiounen an In-situ-Aarbechten, déi sech un de Lieu, an deem se gewise ginn, upassen, sinn typesch fir d’Letizia Romanini. Déi italieenesch-lëtzebuergesch Kënschtlerin weist an hirem "Project Room" mam Titel Regno Amicale, wéi d’Natur am Süde vu Lëtzebuerg ausgesäit.
Zanter 2021 beschäftegt si sech an hirer Aarbecht virun allem mat der Natur an hält dës a Form vu Fotoe fest. D’Iddi heifir ass bei engem anere Projet, fir deen d’Kënschtlerin zu Fouss d’Grenz vu Lëtzebuerg ofgetrëppelt ass, entstanen. Hir Aarbecht an der Konschthal ass och installativ a versicht d’Planzen, déi d’Kënschtlerin wärend Wanderungen am Minett, zum Beispill am Ellergronn oder um Léiffrächen, agefaangen huet, duerch e besonnesche Cadrage an de Vierdergrond ze setzen.
Déi ausgestallte Fotoe sinn entweder Siebdrockaarbechten op Plexiglas, wouduerch e Spigeleffekt entsteet, oder UV-Dréck op kofferfaarweg Aluminiumsplacken, déi d’Faarf vum Terre-Rouge-Gebitt imitéiere sollen. Fir net einfach klassesch Fotoen ze maachen an un d’Mauer ze hänken, huet d’Kënschtlerin misse kreativ ginn. Dobäi erauskomm ass eng interaktiv Ausstellung, déi d’Blummefotoen a vergréisserter Form weist, dat Ganzt an engem metallene Kader, duerch deen d’Visiteuren duerchtrëppele kënnen. Esou kann ee selwer duerch d’Natur spadséieren a se erliewen, wéi wann ee wierklech dobausse wier.
Den Titel vun der Expo "Regno Amicale", also wuertwiertlech iwwersat d’Herrschaft vun der Frëndschaft, gëtt de Motiver nach méi eng déif Bedeitung. Frëndschaft an d’Iddi, dass ee fir deen anere soll do sinn, egal ob Mënsch a Mënsch oder Mënsch a Natur, spillen eng wichteg Roll an dëser Aarbecht vum Letizia Romanini.
Bis den 21. September sinn déi véier Expoen aus der Serie Project Room nach an der Konschthal ze gesinn.