De 67 Joer ale legendäre Museker, deen zënter Joren och ëmmer nees zu Lëtzebuerg optrëtt, ass dëser Deeg op der Affiche vun der Philharmonie.

Um Mëttwoch war et den éischten vun zwee Solo-Concerten: 2 Stonne laang huet den Nick Cave do mat senger markanter Stëmm, sengem Charme an senger Interaktioun mam Bassist vu Radiohead Colin Greenwood de Public begeeschtert.

Virum zweeten Optrëtt dann um Donneschdeg sinn déi zwee Kult-Museker duerch d'Stad spadséiert a ware Kultur-hongereg Besicher am Musée um Fëschmaart, wat séier och op de soziale Medien enthusiastesch gedeelt gouf.