"Ech fille mech hei wéi doheem"
Zanter bal 24 Joer wunnt d'Lëtzebuergerin Florence Kraus schonn zu Paräis. Si ass professionell Musekerin a spillt an enger Rei Gruppe Saxophon.
D’Florence ass mat 19 Joer op Paräis komm, fir op der Ecole Nationale Supérieure des Arts Décoratifs ze studéieren. An zanterhier huet si dës Stad ni méi verlooss. “Loscht fir op Paräis ze kommen, hat ech am Fong schonn ab mengem 12. oder 13. Joer, an ech weess net sou richteg firwat”, erzielt d’Florence. Déi éischt zwee Joer wiere méi schwéier gewiescht, well si fir d’éischt d’Stad an d’Leit hätt misse kenneléieren. Ma si huet sech awer direkt wuel a wéi doheem gefillt.
Mat 12 Joer huet d’Florence ugefaange Saxophon ze spillen. Haut ass si a ronn zéng Museksgruppen aktiv a mécht bei de verschiddenste Projete mat. Aktuell schafft si mam franséische Museker Lucien Larquere un engem Projet, dee Musek aus Latäinamerika, Afrika an Europa zesumme vermëscht. Eng nei Aventure, déi se nieft hiren anere Projete realiséieren.
Florence Kraus: “Elo si mir sou wäit, dass mir geprouft hunn, dass mir wësse mat wéi enge Leit mir wëllen zesummeschaffen, dass mir och finanziell d’Saachen op d’Been gestallt hunn. An elo fuere mir am Oktober op London, wou mir dann eisen éischten Album ophuelen”.
Do dernieft ass d’Florence och en Deel vum Orchester “Cumbia Ya!”. Dat sinn 11 Museker, déi d’Energie vun der populärer kolumbianescher Museksrichtung Cumbia op d’Bün bréngen. Si spille Stécker, déi un de Kreatioune vu groussen Jazz-Formatiounen an un der traditioneller kolumbianescher Musek inspiréiert sinn. Se mëschen de klassesche Repertoire mat eegene Kompositiounen. D’Band-Membere si begeeschtert vun der Lëtzebuergerin. “Als Persoun ass d’Florence einfach super, sympathesch a léif. An als Musekerin ass et eng exzellent Kënschtlerin an eng onwarscheinlech gutt Saxophonistin!”, esou de Jorge Andrade, dee Perkussioun spillt.
D’Florence ass frou, zu Paräis vun hirer Passioun liewen ze kënnen, erzielt si eis. An un Iddie fir zukünfteg Projete feelt et hir net.
Am Video-Reportage kritt Dir een Abléck an hiert Liewen zu Paräis, an Impressioune vum Concert vu “Cumbia Ya!”.