Live! Planet PeopleDen exklusiven Interview mam Nana Mouskouri

Ufank Februar huet d'Nana Mouskouri an der Philharmonie Luxembourg hiren neien Album "Forever Young" presentéiert.

Live! Planet People (16.02.2018)
"Forever Young", dat ass net nëmmen den aktuellen Album vun Nana Mouskouri, mä och hire perséinleche Motto. Mat 83 geet si nach emol op Tour.

Mir hu vun der Geleeënheet profitéiert, fir mat der Sängerin e méi laangen Interview opzehuelen.

D'Violetta Caldarelli huet natierlech och de Grand-Prix Eurovision de la Chanson 1963 ugeschwat, wou d'Nana Mouskouri fir Lëtzebuerg ugetrueden ass.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.