Nächste Freideg dauche mir an eent vun de villfältegen an innovatiivste Joerzéngten an, wat d'Musek betrëfft.

D'80er huet d'Musek an domadder och vill aktuell bekannte Kënschtler gepräägt. Dowéinst dauche mir de 14. November nees an d'Musekszäitalter an, dat sech duerch d'Opkomme vun de Museksvideoe weiderentwéckelt huet.

Wéi ee Lidd dierf um 80er Dag op kee Fall feelen? Maacht mat!

Dir kënnt vun den 80er net genuch kréien? Da fannt up RTLPlay eisen 80er Chanel.

Net decidéiert? Hei eng "kleng" Inspiratioun

Dëse Freideg huele mir Iech mat an dat geckegt Joerzéngt.

De ganzen Dag iwwer spille mer déi gréissten Hits aus den 80s.

Een Ouerewuerm nom aneren, vu moies 5.30 Auer bis Mëtternuecht. Dat um 80er Dag, dëse Freideg op RTL.