Firwat Schampes? A wat huet dem Xavier Kieffer seng Vergaangenheet mat dësem Fall ze dinn? Dat huet den Tom Hillenbrand eis verroden.

Dee fuschneie Xavier-Kieffer-Krimi vum Tom Hillenbrand ass do! Hunneg, Sushi oder Olivenueleg, de Kach aus dem Restaurant «Deux églises» am Stadgronn huet jo scho méi dacks Kriminalfäll am Zesummenhang mat Liewesmëttel misste léisen. Déi Kéier ass et dann um Schampes – an domat ass dee richtege Schampes aus der Champagne gemengt, dee sech jo als eenzegen esou nennen däerf. Och wann de Xavier Kieffer ganz kloer dovun iwwerzeegt ass, dass eise Cremant vun der Musel deem an näischt nosteet!

Firwat eigentlech Schampes? 

Tom Hillenbrand: Firwat Schampes?

Tom Hillenbrand: Ich bin aus zwei Gründen eigentlich auf den Champagner gekommen, der eine hat mit Luxemburg zu tun, denn es gibt ja eine Verbindung, einmal über den Crémant und einmal über die Geschichte mit Champagner, weil das Champagnerhaus Mercier früher mal im Luxemburger Garer Quartier ebenfalls Champagner produziert hat und das andere ist aber, dass ich finde, dass Champagner wirklich so ein emotionsaufgeladenes Produkt ist, mit einem wahnsinnig guten Marketing. Also ich finde, kaum jemand macht für einen Luxusartikel so gutes Marketing wie die Champagnerleute. Aber das heisst natürlich gleichzeitig, dass man sich fragen muss, wollen die vielleicht irgendwas vor uns verstecken? Gibt’s vielleicht in der Champagnerproduktion oder im Umfeld irgendwelche Sachen die kritikabel oder dégoûtant sind? Und, das wollte ich mir ein bisschen ankucken, und, ehrlich gesagt, hab ich auch ein paar Sachen gefunden.  

Dësen aachte Lëtzebuerg-Krimi aus der Fieder vum Tom Hillenbrand féiert a Réckblenden zeréck an d’80er Joren, wéi de Xavier Kieffer, deemools ëm déi 20 Joer al, am Restaurant «Renard Noir» an der Champagne säi Beruff geléiert huet. Dobäi trieden och seng Kolleege vun deemools op de Plang, dorënner och d’Fabienne, dem Xavier seng Jugendléift. Wat deemools geschitt ass, huet en direkten Impakt op d’Ereegnisser an der Géigewaart.
 
Wéi eng Roll spillen déi Personnagen an der Geschicht?

Den Tom Hillenbrand iwwer dem Xavier Kieffer seng Léierjoren

Tom Hillenbrand:Ja, Xavier Kieffer hat tatsächlich seine Ausbildung zum Koch in der Champagne gemacht. Das habe ich mir auch nicht für dieses Buch ausgedacht, sondern das steht schon in Band eins drin, aber das konnte ich natürlich jetzt gut verwenden und er hat dort noch Bekanntschaften und Freunde. Nicht mit all diesen Leuten von damals ist er so ganz im Reinen und das macht die Geschichte ganz interessant. Und er kennt sich halt auch in der Region schon so ein bisschen aus. Da taucht eine Ex-Freundin auf, jemand der inzwischen ein Champagnerhaus leitet und auch ein anderer Kochkollege, der inzwischen ein berühmter, nicht Sternekoch, aber Fernsehkoch ist.   

Wéi hie bei engem Event vum Guide Gabin ee vu senge fréiere Kolleegen erëmbegéint, plange si e Weekend-Besuch an der Champagne. Mä et kënnt anescht wéi erwaart, et kënnt zu engem fuerchtbaren Accident. War et wierklech en Accident, oder iere Mord? Wat bedeiten dem Verstuerwene seng lescht Wierder? De Xavier stécht also nees matzendran an engem neie Fall. Dee sympathesche Kach aus dem Gronn stéisst op eng Pist, déi hien hannert d’Kulisse vum globale Geschäft mam Schampes féiert... e Milliardegeschäft an deem mat alle Mëttele geschafft gëtt, legaler an illegaler. Domat net genuch, dem Xavier säi Virwëtz bréngt hien a Liewesgefor.

Privat muss hien sech nom Doud vu senger Mamm mat der Opléisung vun hirem Stot beschäftegen. Dobäi fënnt hien Dokumenter iwwer säin Urbopa Jempy, vun deem hie bis dato kaum eppes wousst. Et stellt sech net nëmmen eraus, dass säi Virfahr eng interessant Perséinlechkeet war, mä de Xavier fënnt duerch hien en Hiwäis, deen him souguer a sengem Fall weiderhëllefe wäert...

Huet de Xavier seng Abenteuerloscht iere vu sengem Virfahr geierft?

Den Tom Hillenbrand iwwer dem Xavier Kieffer seng Famill

Tom Hillenbrand:Ja, Xavier findet bei der Auflösung dieses Haushalts alte Postkarten, alte Briefe und auch alte Fotos wo er sich fragt, wer sind denn eigentlich diese Menschen die da drauf sind und er kommt also darauf, dass es einen Urahnen gibt, einen Kieffer der in die Vereinigten Staaten ausgewandert ist Anfang des 20sten Jahrhunderts wie ja sehr viele Luxemburger oder sehr viele Europäer auch. Und der hat tatsächlich ein offensichtlich sehr wildes Leben gelebt und vielleicht ist das eine der genetischen Ursachen dafür, dass er jetzt so ein so ungewöhnlicher Koch ist.    

E Fall, an deem hien natierlech nees vu sengem Ëmfeld ënnerstëtzt gëtt. Seng Frëndin Valérie Gabin ass mat vun der Partie, bei enger Handlung déi sech tëscht Lëtzebuerg, der Champagne, Paräis a London ofspillt. An dass säin treie Kolleeg a Stammgaascht Pekka Vatanen beim Thema «Schampes» a sengem Element ass, versteet sech vum selwen.

Dernieft geet et och ëm Mënschenhandel, Klimawandel an ëm Placomusophilie... wat et domat op sech huet, dat soll een am Buch noliesen!

Natierlech kann dee clevere Kach och dëse Fall schlussendlech léisen. Dat eenzegt wat op der Streck bleift, sinn d’Menüskaarte fir säi Restaurant, déi sech iergendwéi zu engem Running Gag entwéckelen. Wéi geet et weider mam Xavier a sengem Restaurant, a wéi ee Liewesmëttel wäert him déi nächste Kéier Kappzerbrieches maachen... dofir muss een den néngte Band ofwaarden!

"Verhängnisvoller Champagner" vum Tom Hillenbrand ass am Verlag Kiepenheuer und Witsch erauskomm.
ISBN: 978-3-462-00329-1
496 Säiten
14€