Op de Spuere vum Xavier Kieffer
© Luxembourg City Tourist Office
Den Office du Tourisme vun der Stad Lëtzebuerg bitt am November an Dezember eng nei Aart vu guidéierter Visitt un, déi Literatur a Lokalgeschicht op eng spilleresch Manéier zesummebréngt.
Beim neie Xavier-Kieffer-Tour duerch d'Stad geet et net nëmmen drëms, d’Stad Lëtzebuerg ze entdecken, mee och an d’Welt vum fiktive Kach an Detektiv Xavier Kieffer anzedauchen, de Protagonist aus der bekannter Krimi-Rei vum Auteur Tom Hillenbrand.
D’Visite guidée féiert dobäi op Plazen, déi an de Bicher eng Roll spillen oder déi mam Liewen an de Kriminalfäll vum Xavier Kieffer an Zesummenhang stinn. D'Michael Weirig, zënter 11 Joer Guide beim Office de Tourisme, erkläert:
„Zum Beispill dem Xavier Kieffer säi Wee vu sengem fiktive Wunnhaus bis bei säi Restaurant. Mee mir erzielen och kleng Anekdoten, déi bei eis Guidë besonnesch hänke bliwwe sinn. Bei mir ass dat zum Beispill de Fall, wéi de Xavier Kieffer engem waarme Kachkéis iwwert de Kapp schëtt.“
Wou Fiktioun a Realitéit sech treffen
Eng kuriéis a sympathesch Anekdot ergëtt sech op engem vun de wichtegste Punkte vum Tour: am Gronn, wou d’Kënschtlerin Florence Hoffmann hiren Atelier huet. Genee dës Adress ass och déi fiktiv Wunnadress vum Xavier Kieffer. Just dass den Atelier d'Nummer 27 ass an de Kach an Detektiv op der 27a wunnt. Dësen Zoufall huet d’Kënschtlerin zu enger klenger kënschtlerescher Installatioun inspiréiert.
„Ech hunn eng Bréifkëscht gemaach an opgehaange fir de Xavier Kieffer. An d’Leit dierfen do Bréiwer erageheien, déi un hie geriicht sinn. An déi kritt den Tom Hillenbrand da weidergeschéckt. Esou konnt ech Fiktioun a Realitéit zesummebréngen“, seet si.




Fir vill Fans ass den Tour wéi d'Illusioun, dass hire beléifte Romanheld wierklech an der Stad lieft.
Grouss Iwwerraschung fir den Auteur
„Ich hätte nie gedacht, dass es mal eine Xavier-Kieffer-Tour geben würde,“ sou den Tom Hillenbrand. Hie schätzt besonnesch d’Balance, déi bei dësem Tour fonnt gouf: "Es ist eine super Kombination aus Details zu Xavier Kieffer und Details der Luxemburger Stadtgeschichte. Nicht nur Kieffer, sondern die Geschichte der Gebäude wird erkläert und eingebunden."
Rezent huet den däitschen Auteur schonn den 8. Band vu senger Krimi-Rei iwwert de Xavier Kieffer erausbruecht.
Eng Visitt fir Literatur- a Stadfans
Den Tour ass ideal fir déi, déi Lëtzebuerg aus engem anere Bléckwénkel kenneléiere wëllen: méi narrativ, méi lieweg, mat engem Touch Gourmet-Krimi.
Och wann d’Visitt fir jiddereen op ass, soll een awer e bëssen Energie matbréngen, wéi d'Guide Michaela Weirig mat engem Laachen dobäisëtzt:
„Et muss ee schonn eng Grondfitness hunn, also gutt op de Bee sinn an et ass vu Virdeel wann ee wéinstens eent vun de Bicher gelies huet." Viraussetzung ass et awer net.
Déi nächst Visitte si geplangt:
Samschdeg 08/11/2025 14:30 - 16:30 Auer
Samschdeg 22/11/2025 14:30 - 16:30 Auer
Samschdeg 13/12/2025 14:30 - 16:30 Auer
Samschdeg 27/12/2025 14:30 - 16:30 Auer