Nei Nationalbibliothéik um Kierchbierg hëlt Form un
Aktuell ass d'Bibliothéik nach op 7 verschiddene Sitte verspreet, an Zukunft soll een dann alles regroupéiert, op ronn 24.000m2 erëmfannen.
Um Donneschdeg war eng Visite um Chantier vun der zukünfteger Bibliothéik, zesumme mam Kulturminister Xavier Bettel, dem Staatssekretär am Kulturministère Guy Arendt, dem Infrastrukturminister François Bausch an natierlech der Direktesch vun der Nationalbibliothéik Monique Kieffer, déi erkläert, dat d'Nationalbibliothéik eng sougenannte "Bibliothéque de magasin" ass, dat heescht de Gros vun den Dokumenter sinn agespaart. Am Ganzen zielt d'Bibliothéik 1,8 Milliounen Dokumenter.
D'Monique Kieffer: Hei kréie mir eng grouss Offer am Espace public, dat heescht mir hunn ee Potenzial vun 300.000 Bicher. Am Ufank sinn et der villäicht e bësse manner. Doduerch, dass de Lieser se direkt gesäit a kann drop zeréckgräifen, gëtt d'Wëssen an d'Kultur, déi mir hei ubidden, vill méi attraktiv.
Op 4 Etagen ass de groussen oppene Raum vun der neier Bibliothéik ënnerdeelt. Ronderëm där oppener Struktur sinn da Raim virgesi fir Konferenzen, respektiv, fir sech zeréckzezéien, wou ee seng Rou huet. Duerch grouss Fënsteren op de Säiten an och am Dach vum Gebai kënnt vill natierlech Luucht eran. De Chantier huet am Summer 2014 ugefaangen.
Et soll eng Plaz ginn, déi Wëssen a Kultur méi attraktiv mécht, e Gebai, dat Loscht soll maachen, eranzekommen. Nieft Liessäll, Konferenzraim ass och eng kleng Cafeteria virgesinn, mat enger Terrass. Ronn 120 Milliounen Euro kascht de Projet vun der neier Nationalbibliothéik.
Et wier definitiv néideg gewiescht eng nei Bibliothéik ze bauen - huet de Kulturminister a Premier Xavier Bettel betount, dee vun enger Investitioun an d'Zukunft schwätzt: Hei wäerten eng 500 Sëtzplaze sinn, eng 300.000 Bicher, wou een direkt kann zougräifen, mä och wou ee vun doheem aus kann zougräifen an un eng Rëtsch Informatioune ka kommen. Et kann ee seng Bicher an der Nuecht zeréckbréngen, dat Ganzt funktionéiert mat engem Automat.
D'Zil ass der Directrice vun der Nationalbibliothéik, Monique Kieffer, no d'Leit, fir Wëssen a Kultur ze begeeschteren.
An dat aalt Gebai vun der Nationalbibliothéik an der Stad soll iwwregens eng Galerie mat Lëtzebuerger Konscht kommen a Wunnengen, huet den Kulturminister Xavier Bettel nach betount.
Xavier Bettel, François Bausch et Guy Arendt ont visité le chantier de la nouvelle Bibliothèque nationale (29.03.2018) | |
| |
Le Premier ministre, ministre de la Culture, Xavier Bettel, a visité le 29 mars 2018 le chantier de la nouvelle Bibliothèque nationale de Luxembourg (BnL), accompagné par le ministre du Développement durable et des Infrastructures, François Bausch, ainsi que par le secrétaire d’État à la Culture, Guy Arendt. |