The EU SongbookWielt är 6 Lidder, déi Lëtzebuerg representéiere sollen

Am Dezember 2019 wëllt déi europäesch Unioun eng éischt Sammlung mat europäesche Lidder publizéieren. Och Lëtzebuerger Lidder sollen do vertruede sinn.

© EU Songbook
Vum 26. Oktober bis de 25. November sinn d'Lëtzebuerger an d'Lëtzebuergerinnen dozou opgeruff, fir 6 Lidder aus hirer Heemescht ofzestëmmen.

D'Lidder sinn a sechs Kategorien opgedeelt, dës goufe vu 17 Musekakademien aus 14-EU-Memberstaaten festgeluecht. Mat dobäi si Léift, Natur a Joreszäiten, Fräiheet a Fridden, Vollekslidder, Lidder, déi de Glawen zum Thema hunn a Kannerlidder. An all Kategorie goufen 10 Lidder zeréckbehalen, fir déi een dann elo seng Stëmm kann ofginn.

Léift:
1. D'Pierle vum Da – (Edmond de la Fontaine "Dicks")
2. Gëff mir eng Bees – (Edmond de la Fontaine "Dicks")
3. Du brauchs mir näischt ze schwieren – (Edmond de la Fontaine "Dicks")
4. Et si vill schéi Rousen an der Stad – (Edmond de la Fontaine "Dicks")
5. Hey du – (Cool Feet)
6. Et wor emol e Kannonéier – (Edmond de la Fontaine "Dicks")
7. Jalous – (Marion Michels/Poutty Stein)
8. Manyla – (Louis Petit)
9. Meng Freiesch ass en hierzegt Kand – (Edmond de la Fontaine "Dicks")
10. Millioune Blummen – (Jang Linster)

Natur a Joreszäiten:
1. D'Margréitchen (Laurent Menager/Michel Lentz)
2. Aus de Bierger durch den Dall (Charles Günther/Jean-Pierre Dieschbourg)
3. Mäin Éislek (Albert Thorn/Willy Goergen)
4. Blo Blimmchen (Edmond Lentz/Michel Lentz)
5. Fréijoersliddchen (Tony Schuster/Michel Lentz)
6. Gréng ass de Bësch an d'Blumme bléien (Gustav Kahnt/Nicolas Steffen Pierret)
7. Am Gäertchen (Laurent Menager/Michel Lentz)
8. Am Wanter geet d'Sonn scho fréi schlofen (Josette Fabeck)
9. Zéi'n d'Huergänse fort, a friem Länner (?/Michel Hever, Hary Trauffler)
10. Meereenchen (Jean-Pierre Kemmer/Jean-Pierre Kirchen)

Fräiheet a Fridden:
1. De Feierwon (Jean Antoine Zinnen/Michel Lentz)
2. Mir si glécklech, mir si fräi (Michel Lentz)
3. Verlaangeren (Louis Petit)
4. D'Lidd vum Théiwesbuer (Jean-Pierre Kemmer/Fritz Weimerskirch)
5. Zu Lëtzebuerg stong d'Siegfriedsschlass (Edmond de la Fontaine „Dicks")
6. An Amerika (Edmond Lentz/Michel Lentz)
7. Bopebistrot (Serge Tonnar)
8. Dobaussen (Cosimo Colaci/Lily Moro)
9. Ee Recht op e Liewen (Max Molling)
10. D'Geld regéiert d'Welt / Gucci Gucci Gucci Armani (Dëppegéisser)

Vollekslidder:
1. Wéi meng Mamm nach huet gesponnen (Edmond Lentz/Michel Lentz)
2. Zu Arel op der Knippchen (trad./Mathias Schou)
3. D'Schuebermëss / Den Hämmelsmarsch (trad./Michel Lentz)
4. Kättchen, Kättchen, bréng mer nach e Pättchen (Jean Eiffes/Willy Goergen)
5. De groussen Hexemeeschter (Edmond de la Fontaine „Dicks")
6. D'Hechtercher aus der Stad (Vincent Scotto/Louis Petit)
7. Un der Atert (trad./Jean-Pierre Welter)
8. Lëtzebuerger Spezialitéiten (René de Buxeuil/August Donnen)
9. Belsch Plaasch (Serge Tonnar)
10. De Jangli fiert den Houwald erop (Henry Warren/Fernand Wark)

Lidder, déi de Glawen zum Thema hunn:
1. Léif Mamm, ech weess et net ze so'n (Joseph Biwer/Wilhelm Weis)
2. O Mamm, léif Mamm do uewen (Pierre Barthel/Charles Müllendorff)
3. An der grousser hell'ger Nuecht (Mathieu Lamberty/ Albert Elsen)
4. Aus dem Himmelssall (Victor Goldschmit/Willy Goergen)
5. Nu looss et an dir stëll ginn (Jos Kinzé/Albert Elsen)
6. Wie unsre Väter flehten (Jean-Pierre Beicht/Nik Welter)
7. Aus der Kannerzäit (Edmond Lentz/Michel Lentz)
8. Krëschtdag (Ab Van Goor/Jang Linster)
9. Krëschtowend (Jean-Paul Frisch/Pir Kremer)
10. Mir gréissen dech am Heemechtsdoum (Albert Thorn/Willy Goergen)

Kannerlidder:
1. Klëmmt ee Männchen d'Leeder 'rop (Paule Koster)
2. Léiwe Kleeschen (Madeleine ‚Pëppy' Beicht/Willy Goergen)
3. Léiwer Härgottsblieschen (trad.)
4. Am Uewe potert d'Feier (Chrétien Clement)
5. Et wor emol en Hieschen (Tony Schuster/Marcel Reuland)
6. Himmelsdéierche fléi (Théodor Decker/Willy Goergen)
7. Metti Spaghetti (Ab van Goor/Jang Linster)
8. De Kueb an de Fuuss (trad./Michel Lentz)
9. D'Hiesche sëtzt am Rommelstéck (Théodor Decker/Willy Goergen)
10. Ech si frou (Ab van Goor/Jang Linster)   

De Vott vun de Lëtzebuerger Lidder gëtt op Franséisch a Lëtzebuergesch op der Startsäit vum Internetsite www.eu-songbook.org ofgehalen a bleift op bis de 25. November.

Wéi ass de Projet entstanen?
Sechs Lidder fir d'Lëtzebuerger an der éischter Sammlung vun europäesche Lidder ze representéieren

Vum 26. Oktober bis de 25. November ginn d'Lëtzebuerger invitéiert fir sechs Lidder aus hirer Heemecht erauszesichen, déi si an der alleréischter Sammlung vu Lidder aus der europäescher Unioun «  » representéieren. Vun deenen 400 a 6 Kategorien nominéierte Lidder, ginn der 60 zeréckbehalen. D'Lidder gi souwuel vu Sänger wéi och vu Museksstudenten erausgewielt. Bis ewell goufen108 Lidder an d'Sammlung vu Lidder aus der EU integréiert. Si goufe vu méi wéi 32.000 Persounen aus 18 Uniounsmemberlänner, déi scho gewielt hunn, erausgesicht. Dës Sammlung gouf vun enger dänescher Organisatioun à but non lucratif, déi kee Lien mat den europäeschen Instanzen huet, initiéiert.

Bis ewell goufen 108 Lidder an d'Sammlung vu Lidder aus der EU integréiert. Si goufe vu méi wéi 32.000 Persounen aus den éischten 18 Uniounsmemberlänner, déi scho gewielt hunn, erausgesicht. Elo ass et un de Lëtzebuerger, déi 19. Populatioun, déi zum Vott opgeruff gëtt. De Vott fir d'Lëtzebuerger Lidder gëtt op der Startsäit vum Site www.eu-songbook.org op Franséisch an op Lëtzebuergesch ofgehalen.

Déi sechs Kategorien, déi vu 17 Museksakademien aus 14 EU-Memberstaaten definéiert goufen, sinn déi folgend:
1) Léift, 2) Natur & Joreszäiten, 3) Fräiheet a Fridden, 4) Vollekslidder, 5) Lidder, déi de Glawen zum Thema hunn a 6) Kannerlidder.

Vun deene 400 Lidder, déi a sechs Kategorien souwuel vu Chorallen vun den zwou Chorale-Organisatiounen, der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA) an dem Institut Européen de Chant Choral Luxembourg (INECC), wéi och vu Musekstudenten a -professeren vum Conservatoire de Luxembourg erausgewielt ginn, bleiwen der siechzeg am Rennen. Déi zwee Chefredakteren vum « Songbook vun der EU» fir Lëtzebuerg – Robert Köller, UGDA, an Arend Herold, INECC, – hunn eng final Lëscht vun deene Lidder, déi de Lëtzebuerger presentéiert ginn, editéiert. Commentaire vum Editeur, Robert Köller, UGDA, wat d'Initiativ ugeet:
"Dës Sammlung vu Lidder aus alle Länner vun der EU, erausgewielt vun hire Bierger, ass eng eng enorm Aarbecht déi vu engagéierten Fräiwëllege gemaach gouf, déi eise n Dank verdéngen. Si wäert et erlaben am Betrib vun eise Chéier, an awer och am Schoulwiesen, Gemeinsamkeeten an Partikularitéiten vun all dëse Natiounen spierbar ze maachen".

D'Sammlung vun Lidder aus der EU ass en demokratesche Projet, e Virreider, dee sengesgläichen an der Geschicht vun der Unioun sicht. E gouf vun enger dänescher ONG initiéiert, déi kee wirtschaftlechen oder finanzwirtschaftleche Lien mat Bréissel huet, eng Eegenschaft, déi staark vum eemolegen däneschen Europakommissär Ritt Bjerregaard appreciéiert gëtt: «Eng finanziell Hëllef vun der Kommissioun ze kréien, hätt de Projet denaturéiert! ». Doriwwer eraus huet de Projet an Dänemark, doduerch, dass an dëser Sammlung national mat europäesche Gefiller verbonne ginn, ganz onerwaart Politiker vun alle Richtungen zesummebruecht. Säi Fondateur, de Jeppe Marsling (gebueren 1974) gëtt eis weider Detailer zu dëser Initiativ:
« Mir, déi 27 Populatiounen aus der EU, wëssen zimlech wéineg ee vun deem aneren! Geschätzte Vollekslidder ze deelen schéngt eng effikass Manéier ze sinn, sech besser kennenzeléieren».

Déi éischt Editioun vun der Sammlung soll am Dezember 2019 publizéiert ginn. Sie wäert 162 Lidder enthalen, déi souwuel an hirer Originalversioun wéi och op Englesch gedréckt ginn. En eventuelle Gewënn ass fir d'Publikatioun vun enger zweeter Editioun vun der Sammlung reservéiert, dës Kéier an de 24 Sproochen vun der Unioun, fir dass jiddereen, onofhängeg vun der Maîtrise vum Engleschen, d'Liddtexter och sangen a verstoe kann.

A ganz geschwënn wäerte mer déi sechs Lidder kennen, déi vun de Lëtzebuerger erausgesicht goufen, fir si ze representéieren.
D'Sammlung vu Lidder aus der Europäescher Unioun.

D'INITIATIV:
D' « European Union Songbook Organisation » (Organisation de l'Union Européenne de Recueil de Chansons) ass am Januar 2015 vun dräi Dänen an engem Italiener gegrënnt ginn. Fir méi Informatiounen iwwer hiere Parcous, kuckt op www.eu-songbook.org

DEI SECHS KATEGORIEN VU LIDDER:
Déi sechs Musekskategorien goufen a Kollaboratioun mat 17 Museksakademien a Museksfakultéiten aus 14 EU-Memberstaaten festgehalen : 1) Léift, 2) Natur & Joreszäiten, 3) Fräiheet a Fridden, 4) Vollekslidder, 5) Lidder, déi de Glawen zum Thema hunn a 6) Kannerlidder.

DEI NOMINEIERT LIDDER:
400 Lëtzebuerger Lidder a sechs Kategorien goufen vun de Choralen vun den zwou Organisatiounen vu Choristen, der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA) an dem Institut Européen de Chant Choral Luxembourg (INECC), a vu Museksstudenten a -professeren aus dem Conservatoire de Luxembourg nominéiert.

Déi zwee Chefredakteren vum « Songbook vun der EU» fir Lëtzebuerg – Robert Köller, UGDA, an Arend Herold, INECC – hunn déi final Lëscht vu Lidder, déi de Lëtzebuerger presentéiert wäert ginn, editéiert.

WOU KENNEN D'LETZEBUERGER WIELEN?
De Vott vun de Lëtzebuerger Lidder gëtt op Franséisch a Lëtzebuergesch op der Startsäit vum Site www.eu-songbook.orgofgehalen a bleift op bis de 25. November.

PUBLIKATIOUN:
Wann all d'Lidder identifizéiert sinn, gëtt d'Resultat vun de Votte gesammelt a vu professionellen Traducteuren op Englesch iwwersat. Déi éischt Sammlung wäert bei senger Publikatioun 162 Lidder enthalen, souwuel an der nationaler Sprooch vun de Lidder wéi och an hirer Iwwersetzung op Englesch. D'Publikatioun ass fir Dezember 2019 virgesinn. De Gewënn vun dëser éischter Versioun wäert dozou déngen fir eng zweet ze finanzéieren, déi Kéier an deenen 24 offizielle Sproochen vun der Unioun, fir dass all europäesche Bierger, onofhängeg vu senger Maîtrise vum Engleschen, déi 162 Lidder a senger Mammesprooch sange kann.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.