Am Nationale Resistenz- a Mënscherechtsmusée zu Esch ass elo eng Gruppenausstellung vun insgesamt 50 Kënschtler mam Titel UGEGRAFF opgaangen.

Dëst ass e Projet vun der ASBL Lëtz Art, fir op de Probleem vu Gewalt a virun allem haislecher Gewalt an eiser Gesellschaft opmierksam ze maachen. Esou wëll ee sech solidaresch géigeniwwer Affer vu Gewalt weisen. Ëmmer erëm versicht d’ASBL Lëtz Art, déi zanter 2019 besteet, duerch Konscht sozial Probleemer unzeschwätzen a kulturell Diversitéit ze promouvéieren. Esou dann eben och elo an der Expo UGEGRAFF. Gewise kritt een hei en diverse Panoplie u Konschtwierker. Vu klassesche Molereien, iwwer Skulpturen, Graffiti, Performancen a Musek oder Videoprojektiounen ass alles dobäi, erzielt de Curateur a Grënner vun der ASBL Lëtz Art, Uyi Nosa-Odia.

„Mir wëlle vill Leit erreechen. D’Kënschtler representéiere vill verschidde Nationalitéiten a liewen all zu Lëtzebuerg. Si huelen dëse Message aus hire Communautéiten, maache doraus Konscht, wéi elo hei beim Projet UGEGRAFF a bréngen de Message duerno och erëm zréck an hir Communautéiten.“

De Message ass sech solidaresch mat Affer vu Gewalt ze weisen. Dofir goufen all d’Konschtwierker wärend dem Vernissage zerstéiert a ginn am Verlaf vun der Ausstellung a verschiddenen Atelieren erëm reparéiert. Dëst soll den Impakt vu Gewalt op eng Persoun duerstellen. Et ginn och Ateliere fir Schoulklassen zesumme mat engem Pedagog organiséiert. D’Iddi fir d‘Ausstellung UGEGRAFF staamt aus engem perséinlechen Erliefnis vum Curateur selwer.

„D’Iddi fir UGEGRAFF krut ech virun e puer Joer, nodeems ech eng Kéier selwer Affer vun haislecher Gewalt getraff hat. Als Kënschtler hunn ech mer geduecht, déi beschten Äntwert wier et, eppes Artistesches ze kreéieren. Mat de Joren huet dat Ganzt sech zu enger Plattform fir aner Kënschtler an Organisatiounen entwéckelt.“

Selwer stellt hien och zwee Wierker aus enger vergaangener Expo aus. Eigentlech waren aner Wierker virgesinn, mee dës goufe beim Transport no enger Ausstellung vu London op Lëtzebuerg ongewollt zerstéiert, wat de Kënschtler staark getraff huet.

D’Iddi, dass meng Konscht géif geschiedegt ginn, huet mech esou schockéiert, dass ech et ugefaangen hunn ze vergläichen. Natierlech kann een et net genee vergläichen, mee doduerch konnt ech awer verstoen, wéi sech Affer vu Gewalt fille mussen. Et erwaart een et ni. Et geschitt einfach.“

D‘Expo UGEGRAFF kann een nach bis den 20. Dezember op Esch an den Nationale Resistenz- a Mënscherechtsmusée kucke goen.