Den offiziellen Tableau vum neie Grand-Duc Guillaume
Zanter e Méindeg hänkt am Palais den offiziellen Tableau vum zukünftege Grand-Duc Guillaume. E Symbol fir déi nei Ära, déi usteet.
"Maacht et wgl. schéi faarweg". Dat war d’Opfuerderung vum Nach-Prënz Guillaume un de Lëtzebuerger Kënschtler Roland Schauls. Dat muss een dem Moler, dee bekannt ass fir seng grouss faarweg Biller, net zwee Mol soen. Mat sengem onverwiesselbare Stil, an den deels skizzenhafte Biller, verbënnt hien an dësem Projet Traditioun mat zäitgenëssescher Konscht. Ma och wann hie sech selwer trei bleift a säi Stil net ännert, huet hie bei dësem Optrag méi formell misse sinn.
"Ech hu scho vill Portraite gemoolt, mee de Prënz Guillaume ze molen, ass eng ganz nei Erausfuerderung. Ech kann hie jo net als Privatmënsch molen, ausserdeem kennen ech hie jo net gutt. Hie muss awer eng gewësse Representativitéit hunn. Dat heescht, ech hu mech an deem Sënn missen zréckhalen, dass ech soen 'ech interpretéiere lo näischt'. Ech versichen einfach, déi Roll als Staatschef duerzestellen."
De Roland Schauls ass gewinnt, a Serien ze molen, an huet dat och bei dësem Projet gemaach. Am Plaz vun engem Bild, huet hien der fënnef gemoolt. Esou kéint hien och mol Variatioune probéieren, erkläert de Kënschtler, dee ronn 8 Méint um Portrait geschafft huet. A senge Biller huet hien och versicht, ee ganz spezifesche Wonsch vum Ierfgroussherzog Guillaume anzebauen.
"Ech sollt iergendwéi eng Erënnerung dra molen un d’Grande-Duchesse Charlotte. Ech hat fir d’éischt souguer e Portrait vun der Grande-Duchesse Charlotte gemoolt, mee dat war vill ze vill. Dowéinst hunn ech déi Rous geholl. Lëtzebuerg als grouss Rousenziichterstad. An et gëtt Rousen, déi heeschen no der Grande-Duchesse Charlotte. Dann hunn ech gesot 'da maachen ech dat dran'."
Siwe Biller huet de Roland Schauls ugefaangen, fënnef fäerdeg gemoolt. Eent dovun huet den Haff erausgesicht. Fir de Kënschtler geet domadder e Projet op en Enn. Fir den Haff ass et den Ufank vun engem neie Kapitel.