Den 22. November gëtt de Lëtzebuerger Filmpräis am Groussen Theater iwwerreecht.

Finaliste fir Filmpräis sti fest / Reportage Claudia Kollwelter

A 14 Kategorië ginn déi bescht artistesch Leeschtungen aus de leschten zwee Joer aus dem Filmsecteur ausgezeechent. Mam beschten Zenario ass dëst Joer och en neie Präis dobäi.

"An et ass och wierklech héich Zäit ginn, dass d'Lëtzebuerger Zeenaristen an Auteuren unerkannt ginn, well ganz am Ufank, beim alleréischte Filmpräis, 2003, do waren nämlech nach Juryen, do gouf et nach keng Filmakademie, wou d' Membere konnte wielen", erkläert de President vun der Filmakademie Fred Neuen. "An déi huet deemools gesot, jo, bei de Kuerzfilmer wär et e bësse schued, well technesch wär et ganz gutt, mee d' Zeenarioe wären net esou grad dat, dat war 2003. An haut sinn eis Auteuren awer op deem Niveau, wou se largement e Präis verdéngt hunn."

De Filmpräis ass ëmmer de Moment fir d'Aarbecht aus de leschten zwee Joer auszezeechnen, erzielt den Direkter vum Filmfong Guy Daleiden.
 
"Wann ee gesäit, dass eis Lëtzebuerger Filmschaffender an eis Filmer international Unerkennunge kréien, international Selektiounen a Präisser gewannen, dann ass et och wichteg, wann een eng Unerkennung bei sech am Land kritt an dofir organiséiere mer all zwee Joer de Präis zu Lëtzebuerg. An ech mengen dat gëtt mat Spannung erwaart."

Et ass déi 11. Zeremonie vum Lëtzebuerger Filmpräis, déi och dëst Joer am groussen Theater organiséiert gëtt.

"Dës Kéier ass den Owend organiséiert vum Fabio Godinho zesumme mam Anne Klein. Da wëll ech net ze vill elo scho verroden, wat op der Bün geschitt, mee et ass awer e bëssen e Rappell vun deene leschte Filmpräisser an natierlech d' Presentatioun an och virun allem visuell duergestallt, wat an deene leschte Jore geschitt ass. Also et soll en Owend ginn, dee convivial ass, dee kollegial ass. D'Filmakademiesmembere wielen d' Präisser, si sichen d'Leit eraus an et ass jo fir déi Filmschaffend deen Owend geduecht an ech mengen déi sollen dann och richteg zelebréiert ginn."

Presentéiert gëtt den Owend vum Emma Da Silva an musikalesch encadréiert vum Maz am Sergio Manique.

Aus den Nominatioune sinn elo an engem éischte Waltour d'Finalisten erausgesicht ginn. Den zweete Waltour fir d'Membere vun der Filmakademie ginn den 3. bis den 9. Oktober ofgehalen.

Weider Informatiounen zum Präis fannt Dir hei.

Hei fannt Dir d'Finalisten an hire jeeweilege Kategorien

Meilleur court-métrage de fiction, animation ou documentaire
A WALK INTO THE AFTERLIFE (Jiyun Jeong)
HUSS (Laurent Prim)
LINDA, LINDA! (Kiyan Agadjani)
MATIN BRUN (Carlo Vogele)
MIA MIO (Roxanne Peguet)

Meilleur scénario
Cyril Bossmann (ALLES FËSCH / DEEP IN THE BOWL)
Eileen Byrne (MARIANENGRABEN)
Eric Lamhène, Rae Lyn Lee (HORS D’HALEINE)
Frédéric Zeimet, Loïc Tanson (LÄIF A SÉIL)
Lukas Grevis (D’LAND AM SCHIET / THE LAND IN THE SHADOWS)

Meilleur long métrage luxembourgeois de fiction, animation ou documentaire
HORS D’HALEINE (Eric Lamhène)
LÄIF A SÉIL (Loïc Tanson)
MARIANENGRABEN (Eileen Byrne)
POISON (Désirée Nosbusch)
SPIKED (Caroline Origer)

Meilleur long métrage de fiction ou documentaire en coproduction
ALL WE IMAGINE AS LIGHT (Payal Kapadia)
FANON (Jean-Claude Barny)
REFLET DANS UN DIAMANT MORT (Hélène Cattet, Bruno Forzani)
INGEBORG BACHMANN – JOURNEY INTO THE DESERT (Margarethe von Trotta)
LA CACHE (Lionel Baier)

Meilleur long métrage d’animation en coproduction
DEN ANGELO AM WONNERBËSCH (INTO THE WONDERWOODS) – Vincent Paronnaud, Alexis Ducord
FOX AND HARE SAVE THE FOREST – Mascha Halberstad
KENSUKE’S KINGDOM (LE ROYAUME DE KENSUKÉ) – Neil Boyle, Kirk Hendry
STITCH HEAD – Steve Hudson, Toby Genkel
SLOCUM ET MOI (A BOAT IN THE GARDEN) – Jean-François Laguionie

Meilleure série ou production transmédia de fiction ou documentaire
DANGEROUS TRUTH (Barbara Eder)
DRAW FOR CHANGE ! (Julie Schroell, Eileen Byrne, Heiko Lange)
FINISTERRA (Guilherme Branquinho, Leone Niel)
MARGINAL (Loïc Tanson)
MOVE – SEASON 5 (Alisar Hasan, Alaa Amer, Karen Vázquez Guadarrama, Ana Moisenko, Sama Pana, Nada Riyadh, Laura Nix)

Meilleure série ou production transmédia d’animation
ALLES FËSCH (DEEP IN THE BOWL) (Julien Renault, Ghayth Chegaar)
DINO MITE (Sandra Schiessl, Cherifa Bakhti)
LA VIE DE CHÂTEAU (MY LIFE IN VERSAILLES) (Clémence Madeleine-Perdrillat, Nathaniel H’limi)
LES QUIQUOI (THE MINIWHATS / D’QUATSCHKÄPP) (Eugène Boitsov)
MÈRES ANONYMES (Hélène Friren)

Meilleure musique originale
André Dziezuk (FOX AND HARE SAVE THE FOREST)
André Mergenthaler (INGEBORG BACHMANN – JOURNEY INTO THE DESERT)
Claire Parsons (MARIANENGRABEN)
Kyan Bayani (LINDA, LINDA!)
Thorun Egilsdottir, Mike Koster (LÄIF A SÉIL)

Meilleure interprétation féminine
Alessia Raschella (HORS D’HALEINE)
Céline Camara (REFLET DANS UN DIAMANT MORT)
Esperanza Martin Gonzalez Quevedo (HORS D’HALEINE)
Sophie Mousel (LÄIF A SÉIL)
Vicky Krieps (INGEBORG BACHMANN – JOURNEY INTO THE DESERT)

Meilleure interprétation masculine
Ethan Chimienti (LA CACHE)
Jules Werner (LÄIF A SÉIL)
Luc Schiltz (HORS D’HALEINE)
Marc Limpach (INGEBORG BACHMANN – JOURNEY INTO THE DESERT)
Timo Wagner (LÄIF A SÉIL)

Meilleure contribution créative dans une œuvre de fiction ou documentaire
Amandine Klee (LA FOURCHETTE À GAUCHE)
Audrey Hernu (FANON)
Christina Schaffer (LÄIF A SÉIL)
Nikos Welter (LÄIF A SÉIL)
Rae Lyn Lee (HORS D’HALEINE)
Véronique Sacrez (LA CACHE)

Meilleure contribution créative dans une œuvre d’animation
Bruno Murer, Nathanaël Godart, Paul Burton (SPIKED)
Kevin Berthonneau (FOX AND HARE SAVE THE FOREST)
Michel Schillings (FOX AND HARE SAVE THE FOREST)
Olivier Montero (FOX AND HARE SAVE THE FOREST)
Stéphane Lecocq (STITCH HEAD)

Meilleure œuvre immersive
Le jury délibérera le 13 octobre 2025. Les œuvres en lice incluent :
Ceci est mon cœur – Nicolas Blies & Stéphane Hueber-Blies (a_BAHN)
Oto’s Planet – Gwenaël François (Skill Lab)
The Dollhouse – Charlotte Bruneau & Dominic Desjardins (Wild Fang Films)
Champ de Bataille – François Vautier (Digital Voodooh)
Ito Meikyu – Boris Labbé (Les Films Fauves)
Mamie Lou – Isabelle Andreani (Skill Lab)