Taylor Swift faszinéiert Swifties a Wëssenschaftler

D'US-Sängerin huet mat hirer Eras-Tour Rekorder gebrach a bréngt elo direkt erëm en neien Album eraus. Mä wat stécht hannert dem Phenomeen Taylor Swift?
D'Juno ass 11 Joer al an e Swiftie, wéi sech Taylor Swift-Fans gäre bezeechnen. Wéi hatt op d'Welt koum, war d'Lidd Shake it Off vun der Sängerin, déi eigentlech mat Countrymusek bekannt ginn ass, weltwäit an den Charts an ass duerch de Plaffong gaangen. An esou hunn dem Juno seng Elteren mat dem nëmmen engem Mount alen Puppelchen an der Stuff "ofgeshaked". E bësse méi spéit gëtt d'Juno selwer e grousse Fan. "Hatt ass einfach eng Businesswoman. Hat schreift seng Lidder all selwer, léisst sech an der Musekindustrie net ofzocken. Hat ass einfach mega."
Virun engem Joer krut d'Juno vu sengen Elteren e grousse Wonsch erfëllt. Hatt konnt säin Idol live op der Bün gesinn. "Meng Mamm huet extra VIP-Tickete kaf, domat konnte mir zwou Stonne méi fréi eran. Ech si ronderëm gelaf fir mat anere Swiftie Frëndschaftsbännercher auszetauschen."
A genee do fënnt ee schonn e puer Aspekter, déi de Phänomen Taylor Swift aus der wëssenschaftlecher Siicht erkläre kënnen.
"De Mënsch wëll dozougehéieren"
Wat d’Juno a Millioune Fans op der Welt sou faszinéiert, erkläert de Professer André Melzer, Mediepsycholog a Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg. Fir hien ass den Erfolleg vu Taylor Swift net zoufälleg: "Menschen sind soziale Wesen. Wir wollen dazugehören. Stars mit ihrer Gefolgschaft bieten so eine Gemeinschaft. Also die erfüllen schon mal ein Grundbedürfnis, un zwar Zugehörigkeit."
Am Fall vum Taylor Swift heescht dat: "Hier bin ich als Fan von Taylor Swift nicht nur einfach Fan, sondern ich kann mich sogar über die Zuschreibung als Swiftie nach außen zeigen, dass ich dazugehöre. Ja, also das ist die soziale Identität.“
An dës Verbonnenheet huet d'Juno och um Concert gespuert: "Si waren alleguer sou léif, mir hunn aner Fans kennegeléiert. Et war, wéi wa mir eng Famill wieren, just well mir all dem Taylor Swift esou no sinn." Am Géigesaz zu der Interaktioun mat anere Fans verleeft d'Relatioun mam US-Star zimmlech eesäiteg.
D'Fans lauschteren d'Musek, ginn op d'Concerten a kënnen op de soziale Medie verfollegen, wat hiert Idol mécht.
Ganz direkt kréie si awer näischt vun der Sängerin zeréck. Dëst gëtt an der Wëssenschaft als parasozial Bezéiung bezeechent. An dat huet d'Taylor Swift net erfonnt. "Das war schon bei den Beatles und vielen anderen so", sou de Mediepsychologe.
D'Relatioun zum Taylor Swift wier awer eng aner, an dat duerch déi sozial Medien. "Sie nutzt hervorragend eben diese neuen medialen Möglichkeiten über die sozialen Medien. Aber trotzdem schafft sie es, gefühlt jede einzelne Person anzusprechen."
Um Liewe vum Star deelhuelen
D'Taylor Swift léist hir Fans och gären un hirem Liewen deelhuelen. Sou huet si rezent matgedeelt, dass si an den American-Football-Spiller Travis Kelce sech verloobt hunn an huet domat bal Instagram zum Ofstierze bruecht.
"Das super Geschickte, was Taylor Swift wirklich beherrscht wie kaum eine andere, ist: Authentizität. Die ist total normal. Darüber hinaus, fast über diese Emotionalität und über diese Mitteilsamkeit, hat sie etwas: Die drückt eine unglaubliche Stärke aus, eine Stärke und eine Selbstbestimmtheit", erkläert den André Melzer d'Optriede vun der US-Amerikanerin.

© AFP
2023 an 2024 war d'Taylor Swift weltwäit mat hirer Eras-Tour ënnerwee, huet ronn 150 Concerte gespillt an iwwer zwou Milliarden US-Dollar Gewënn gemaach , wéi déi englesch Wirtschaftszäitschfrëft Forbes geschat huet. E Rekord!
Fir en Ticket hunn d'Fans missen déif an d'Täsch gräifen. 200 bis 14.000 US-Dollar hunn Tickete kascht. Um Schwaarzmaart solle se souguer fir 90.000 Dollar gehandelt gi sinn. An et bleift net nëmme beim Ticket. Vill Fans sinn extra ugereest, hu fir d'Iwwernuechtung, den Transport a Weideres vill Suen ausginn. "Ich investiere in mein Fandasein. Und das ist schon … also man bringt Opfer, das ist eine Opfergabe", sou d'Analyse vum Mediepsychologe.
Dem Juno seng Famill huet dëst awer gäre fir d'Meedche gemaach. An d'Juno? Dat huet all Erënnerunge vum Concert an enger Këscht gesammelt. Eng 50 Frëndschaftsbraceletten, déi hatt mat anere Swiftië getosch huet, Stickeren, d'Ticketen an de VIP-Pass.
A besonnesch gutt an enger klenger Këschtchen verstoppt: E Plektrum, deen d'Juno um Concert vun engem vun de Mataarbechter an d'Hand gedréckt krut. Fir d'Meedchen e klengt Stéck Plastik mat groussem Wäert. An och op hir Vinyl-Sammlung vun den Taylor Swift-Albumen ass hat immens houfreg. Geschwënn kënnt dann nach eng Plack dobäi.
Grouss Release-Party den 3. Oktober
De Freideg kënnt den neisten an 12. Studioalbum vun der US-Sängerin eraus: The life of a showgirl. En Album, op dee Millioune Fans zënter der Verkënnegung Mëtt-August ongedëlleg waarden.
An dem Kader organiséiert de Kinepolis eng grouss Release-Party. De ganze Weekend kann ee sech dës speziell Opféierung "Release Party of a Showgirl" ukucke goen. Hei gëtt ënnert anerem de Musekvideo vun engem vun de neie Lidder gewisen an natierlech Bildmaterial vun Hannert de Kulissen. Eng Soirée fir richteg Swiftien.
Um Radio verspille mir dëse Mëttwoch Tickete fir dës Release Party. Schéckt einfach fir 50 Cent e Message mam Stéchwuert TAYLOR op de 62468. De Gewënner gëtt am Laf vum 1. Oktober live op Antenne gezunn.