D'Franséisch-Lëtzebuergesch-Iranesch Koproduktioun "Un simple Accident" huet dëst Joer zu Cannes d'Gëlle Palm gewonnen.

D'nächst Joer geet de Film vum Jafar Panahi dann och fir Frankräich an d'Course ëm den Oscar fir de beschten auslännesche Film. De Panahi bréngt d’Konscht fäerdeg, ee gläichzäiteg zum Denken an zum Laachen ze bréngen, bei engem dramatesche Sujet. Am Interview mam Realisateur geet et ëm säi Wierk, d’Schwieregkeet, kritesche Kino am Iran ze maachen, a wat een doraus ka léieren.

Ausgezeechent gouf de Panahi op all de grousse Festivallen, fir Filmer, déi hien net duerft dréinen a Präisser, déi hien net selwer konnt entgéinthuelen. Dat, well hie weess, wat a sengem Land lass ass, a wat de Regimm vun de Mullahe verbitt ze weisen. Ee Beispill dofir ass dem Panahi säi Film "Cercle", deen d'Ënnerdréckung vun de Frae weist. Dat gëllt am Iran als Propaganda.

Zu Cannes, duerft de bekanntsten iranesche Realisateur, deen onverännert kompromësslos a wëll bliwwen ass, seng Palme d'or endlech nees perséinlech entgéinthuelen. Keng 24 Stonnen duerno war hien um Wee zréck op Teheran, wou eng gemëschte Begréissung op hie gewaart huet:

"Um Fluchhafe sinn ech vu Cineasten, Frënn a Familljememberen a vu politesche Gefaangenen empfaange ginn. De Regimm huet just erkläert, de Präis wier reng politesch an de Film selwer näischt wäert, gewise ginn däerf en net am Iran, dat gëllt fir all kritesch Realisateuren."

Natierlech si Präisser dacks och politesche motivéiert an all seng Filmer sinn nu Mol politesch, mee de Panahi ass sonner Zweiwel virop e grousse Cineast, an de Resistenzler, deen hien ass, mécht dem Regimm och net de Gefalen, an den Exil ze goen:

"Déi Fro nom Exil huet sech fir mech perséinlech ni gestallt. Ech sinn net amstand, an engem anere Land ze liewen, hunn ëmmer am Iran gelieft a wäert dat och weider maachen."

De Präis dofir ass Héich. Am Iran bezilt een engagéierte Kino mat senger Fräiheet: Zu 6 Joer Prisong condamnéiert, souz de Panahi 8 Méint fest a koum just fräi, well hien an den Hongerstreik goung.

"Wann normal Gefaangener en Hongerstreik maachen, da gëtt dat kee Mënsch baussent dem Prisong gewuer, mee wéi ech dat gemaach hunn, gouf weltwäit doriwwer geschwat. Ech kréie vill Opmierksamkeet duerch meng Präisser an déi international Unerkennung, dat kann e Schutz sinn, mee och eppes, wat sech géint mech kann dréinen."

Am Prisong ass d’Iddi vun "Un simple accident" entstanen: Duerch Zoufall trëfft e Mann op säi fréiere Péngeger, deen e just un der Stëmm erkennt, well d'Gefaangener bei der Folter nämlech d’Ae verbonne kréien. Wéi mat him ëmgoen?

Déi zentral Fro wéi reagéieren, wéi seng eege Mënschlechkeet trotz allem net verléieren ass universell:

"Dowéinst gëtt de Kino jo och als universal Sprooch bezeechent. Dat ass d’Magie, dass trotz alle kulturellen Ënnerscheeder all Spectateur sech erëmfanne kann a sech och projezéiere wëll. Dass et am Fong ëm Problemer a Froe geet, déi mir mateneen deelen. Déi Fro wéi een dem Zyklus vu Gewalt kann en Enn setzen, déi stellt sech no all Konflikt."

A se stellt sech fir Eenzelpersounen awer och fir eng Gesellschaft, och déi iranesch, an do gräift de Panahi vir:

"Normalerweis mécht een esou e Film no der Kris, no engem Krich , wann ee gesinn huet wéi zum Beispill Kollaborateure behandelt gi sinn, wéi dat nom zweete Weltkrich och bei Iech de Fall war. A mengem Film stelle mir déi Fro virum Enn virun engem Wiessel vum Regimm."

Hien hofft op dee Wiessel, wëll dru gleewen dass de Regimm am Iran fält, d’Gewalt en Enn huet, mee an der Weltpolitik dominéiert d’Recht vum méi Staarken:

"Ech duerft 17 Joer laang net reesen a lo, wou ech nees ënnerwee sinn, gesinn ech, dass d'Welt sech an eng ganz geféierlech Richtung entwéckelt . Zu Toronto um Festival huet e Journalist gepëspert wéi e mir eng Fro gestallt huet, aus Angscht, dass ee mat lauschtert. Mir hunn  dat alles erlieft, all déi Unzeechen, mir wësse genee, wéi sech dat weiderentwéckelt, mir hu schonn d'Zukunft vun anere Länner erlieft, wou d’Problemer eréischt uginn. Et muss een dat stoppen, ier et ze spéit ass!"

"Un simple Accident" leeft e Mëttwoch och zu Lëtzebuerg an de Kinoen un.