D'Laureate si bekannt
Zu Walfer gouf den Donneschdeg den Owend fir d'13. Kéier de Lëtzebuerger Buchpräis verdeelt.
An 3 Kategorien huet de Jury ënnert 5 nominéierten Titelen de Gewënner festgeluecht. Ausserdeem gouf et och nach e Spezialpräis Design an e Coup de coeur. Fir de Publikumspräis ass ënnert anerem iwwer RTL.lu ofgestëmmt ginn.
Gewonnen hunn:
Kategorie Kanner- a Jugendbuch:
Thomas Schoos & Keong A-Song: Wooow!!! Lëtzebuerg. Editions Guy Binsfeld
Kategorie Literatur:
Nico Helminger: Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge, Editions Guy Binsfeld
Kategorie Sachbuch/Beau Livre:
Luciano Pagliarini & Laura Caregari: Eugène Mousset. Le Maître d’Esch. Editions Schortgen
Coup de coeur:
Nathalie Ronvaux. Subridere. Un aller simple. Hydre Editions
Spezialpräis Design:
Histoires de famille. Maison Moderne
Publikumspräis:
Mike McQuaide. An American in Luxembourg. Editions Saint-Paul
An der Zeremonie gouf och un de kierzlech verstuerwenen Auteur an Editeur Georges Hausemer erënnert.
Am Jury vum Lëtzebuerger Buchpräis waren: Jay Schiltz, Charlotte Ziger, Jean-Marie Reding, Laurent Daubach an Nicolas Calmes.
Nominéiert waren:
Literatur/Littérature
Samuel Hamen: V wéi freckt, W wéi Vitess, Editions Guy Binsfeld
Jean Schoos: Schaarf Munitioun, Editions Guy Binsfeld
Nico Helminger: Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge, Editions Guy Binsfeld
Roland Meyer: Wenn immer alles so einfach wäre, Op der Lay
Carla Lucarelli : La disparition de Wanda B., Editions Phi
Kannerbuch/Livre pour enfants
Thomas Schoos/Keong A-Song: Wooow!!! Lëtzebuerg, Editions Guy Binsfeld
Christiane Grün: Clodo, Editions Saint-Paul
Renée Weber: Den Hu an dat klengt Gespenst, Op der Lay
Marie-Isabelle Callier: De Schatz vu Lucilinburhuc, Editions Schortgen
Cathy Clement: De Faert Uasch, Editions Schortgen
Sachbuch/Livre thématique
Mike McQuaide: An American in Luxembourg, Editions Saint-Paul
Christophe Nadin, Fränk Schleck: Le cyclisme dans la peau, Editions Saint-Paul
Yves Steichen: Thierry Van Werveke, Editions Saint-Paul
Pagliarini/Caregari: Eugène Mousset, Editions Schortgen
Differding/Differding: De klenge Chef, Editions Schortgen