VIDEOEN a FOTOEN - "De Mains De Maîtres"Alles ëm déi grouss an ofwiesslungsräich Ausstellung

Vasen aus Filz, Vëloen aus Bëtong an nach villes méi. Dat kritt een nach bis den 3. Dezember op der Biennale am alen Arbeds-Gebai gebueden.

Et ass déi zweet Editioun vun der Ausstellung. Mat iwwer 90 Konschthandwierker, déi ausstellen, ass se dëst Joer nach méi grouss an nach méi ofwiesslungsräich wéi virun zwee Joer. D’Ufanksinitiativ koum vun der ierfgroussherzoglecher Koppel fir dem Handwierk a besonnesch dem Konschthandwierk méi Visibilitéit ze ginn an och jonk Leit ze motivéieren an déi Richtung ze goen.

Bei de Virbereedunge vun 2 Kënschtler mat dobäi (28.11.2018)
Vasen aus Filz, Vëloen aus Bëtong an nach villes méi. Dat kritt een nach bis den 3. Dezember op der Biennale "De Mains De Maîtres" gebueden.


Dee Succès war awer och de Grond firwat dono d'Decisioun geholl gouf, eng ASBL ze grënnen, eng Biennale ze maachen an och iwwer d'Grenzen eraus ze goen, e wichtege Message fir den Ierfgroussherzog Guillaume.

Den Ierfgroussherzog Guillaume am RTL-Interview (28.11.2018)
Vasen aus Filz, Vëloen aus Bëtong an nach villes méi. Dat kritt een nach bis den 3. Dezember op der Biennale "De Mains De Maîtres" gebueden.


Nieft der Adress "19 Liberté" kann een awer och Konschtwierker an enger Partie Muséeën, Galerien an Kënschtlerateliere gesinn.

Fir déi 52 Lëtzebuerger Bäiträg gëtt et och nees e Concours mat engem Jury-Präis an engem Publikumspräis fir deen een iwwer RTL.lu kann ofstëmmen. 

LINK: Hei kënnt Dir ofstëmmen.

Mir hunn zwee vun de Kënschtler besicht a konnte bei de Virbereedungen an deem prestigiéise Kader vum alen Arbeds-Gebai dobäi sinn.

D'Jenny Fischbach war dann e Mëttwoch den Owend och fir eis um Rousegäertchen an hat do den Tom Wirion bei sech um Mikro, de Generaldirekter vun der Chambre des Métiers.

Den Tom Wirion, Generaldirekter vun der Chambre des Métiers (28.11.2018)
Hie war e Mëttwoch den Owend um Mikro vum Jenny Fischbach an huet Explikatioune ginn.


Am Gespréich: De Commissaire vun "De Mains De Maîtres", de Jean-Marc Dimanche

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.