Mat der Porta Nigra huet d'Stad Tréier en natierleche Bezuch zur Réimerzäit.

Méi wéi Grond genuch, eng Ausstellung iwwert e réimesche Keeser ze organiséieren, deem säi Vermächtnis - ganz ontypesch - net duerch Krich an Intrig gepräägt ass.

De Stadtmuseum an de Landesmuseum Trier hu sech fir dës Expo zesummegeschloss. D'Resultat ass eng grouss Landesausstellung iwwert de grousse Stoiker Marc Aurel.