Musek fir den "Tatort" an "Das Boot"
Filmkomponist Klaus Doldinger am Alter vun 89 Joer gestuerwen

De Klaus Doldinger am August 2020. / © URSULA DUREN / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP
Déi Titelmusek kennen déi allermeescht: Sonndes 20.15 Auer, den Tatort.
Elo ass de Mann, dee se komponéiert huet, am Alter vun 89 Joer gestuerwen.
De Klaus Doldinger ass schonn en Donneschden den Owend am Krees vu senger Famill verscheet, wéi däitsch Medien e Samschdeg mellen.
Den Jazzmuseker huet d'Musek fir d'Filmer "Das Boot" an "Die unendliche Geschichte" geschriwwen, a fir d'Serien "Liebling Kreuzberg" an "Ein Fall für Zwei". Bis an den héijen Alter stoung de Klaus Doldinger, deen am Laf vu senger laanger Karriär iwwer 5.000 Optrëtter hat, awer och nach selwer op der Bün.
Am meeschte gelies