"Real Time World War One" op Twitter

Franséisch Zaldoten 1916 bei Verdun / © AFP
Mat der Twitterkennung #WWI huet d'Uni Lëtzebuerg e Projet lancéiert, fir d'Geschicht vum éischte Weltkrich ze erzielen.
Ënnert dem Motto "World War One goes Twitter" huet d'Universitéit Lëtzebuerg e Projet lancéiert, fir de Leit d'Evenementer vum éischte Weltkrich méi no ze bréngen.
Dat ganzt ass an "Real Time" just 100 Joer méi spéit. Zäitlech korrekt setzen d'Studente vun deem Projet e Tweet online, deen matdeelt, wéi eng Aktioun virun 100 Joer a Verbindung mam Krich ugefaangen huet.
Tweet vun #WWI
Ween sech fir Geschicht an grad aus der Zäit vum éischte Weltkrich interesséiert, kann de Studenten vun der Uni.lu op Twitter suivéieren, fir "Breaking News" mat 100 Joer Ofstand ze kréien.