Angel at my tableLëtzebuergesch Band léist sech op

Traureg Nouvelle fir d'Fans vun der Lëtzebuerger Band "Angel at my table". Déi 5 Memberen hunn an de soziale Medien d'Opléisen vun der Band annoncéiert.

© Facebook: Angel at my table
Mat schwéieren Häerze misst een matdeelen, datt d'Band no 5 Joer ophält ze existéieren. Fir den nächste Schratt als Band goen ze kënnen, hätten d'Membere sech missen voll a ganz dem Projet verschreiwen. Ee Schratt, dee verschidde Memberen net matgoe konnten. An deem Kontext war et och ee Merci un alleguerten d'Fans an d'Supporter vun der Band, déi nach ee leschte Concert geplangt huet.

Hei den Statement vun der Band op Facebook:

Facebook: Angel at my table


Angel at my table: Eclipse


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.