Bekannt war de Marco Reckinger alias "CRCKSN" hei zu Lëtzebuerg ënnert anerem wéinst sengem musikaleschen Duo-Projet "Christal and Crack".

De 24. Juli 1987 ass de Marco Reckinger a Brasilien op d'Welt komm an ass als Kand zu Lëtzebuerg spéider adoptéiert ginn.

Zu Diddeleng ass hien opgewuess, huet am Ausland Tountechnik studéiert an huet ëm 2008 mam Chris Diederich zesummen decidéiert den Elektro-Projet "Christal and Crack" ze lancéieren, mat deem si och zu Lëtzebuerg an der Musekszeen Bekanntheet erreecht hunn.

Niewent dësem Projet war de Museker awer och am Hip Hop doheem an huet an deem Genre, wéi och natierlech an der elektronescher Musek, vill Material produzéiert.

Och wärend senger spéiderer Zäit zu Paräis an zu lescht zu Berlin war hie mat Elektro- a Rap-Projete kënschtleresch aktiv. Niewent ville Projeten huet hie beispillsweis zu Berlin als "CRCKSN" opgeluecht.

De 9. Januar 2021 ass dunn den Dout vum Museker a Kënschtler annoncéiert ginn, hien ass zu Berlin gestuerwen, wou hien 2012 ukomm war an zënter ongeféier 2016 och do op der Strooss gelieft huet.

E Sonndeg de Mëtteg um 14 Auer gouf an der Herfurthstrasse 4 zu Berlin nach eemol un de Marco Reckinger geduecht a vill Leit waren och present. De Lëtzebuerger Schauspiller Max Thommes huet hien a senge Wierder portraitéiert an dem Museker eng leschten Éier erwisen.

Am Speech vum Max Thommes ass dann och kloer Kritik un d'Gesellschaft erauszehéieren, dat am Kader vun der Obdachlosegkeet, déi zu Berlin, ma a Stied op der ganzer Welt eng Realitéit ass. Och de Marco Reckinger huet déi lescht Joren, an deenen hien zu Berlin gelieft huet, op der Strooss als Sans-abri gelieft.

Dacks, sou de Schauspiller am Ufank vu senger Ried, géifen d'Leit einfach laanscht Sans-abrie goen, ouni iwwerhaapt sech d'Fro ze stellen, wien dës Leit sinn a wat fir Geschichten hannert esou Persoune stiechen.

An dësem Fall war et en extrem kreative Kënschtler, deen zu sech zu Lëtzebuerg an der Musekswelt en Numm gemaach huet... De Marco Reckinger ass nëmmen 33 Joer al ginn. Senger Famill a senge Frënn eis déifstent Matgefill.