Däischteren True-Crime mat fiktiven Elementer

© Santiago Felipe / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Netflix huet mat "Monster: The Ed Gein Story" eng nei Serie erausbruecht, déi d’Liewe vum amerikanesche Seriemäerder Ed Gein op den Ecran bréngt. Och d'Lëtzebuergerin Vicky Krieps spillt eng Nieweroll.
D’Produktioun vermëscht real Fakte mat Fiktioun, visualiséiert engem Massemäerder seng psychologesch Stéierungen a makaber Fantasien an erlaabt dem Spectateur, an d’Däischtert vum Liewe vum Ed Gein anzedauchen.
D'Vicky Krieps kënnt a verschiddenen Episode vir an dat an der Roll vum Ilse Koch. Et gëtt keen historesche Beweis, dass den Gein och Phantasme mat der däitscher Nazi-Krichsverbriecherin hat. D'Ilse Koch war ënnert dem Numm "Hexe vu Buchenwald“ bekannt an dat effektiv ëm déi Zäit, wou den Ed Gein Mënschen ugangs de 50er Joren ëmbruecht huet an och Läichen aus de Griewer geklaut huet.
D'Perséinlechkeet vum Ed Gein: Realitéit an déifgrënneg Stéierungen
Den Ed Gein war e Bauer aus Wisconsin, deen isoléiert gelieft huet. Historesch kënnen zwee Morden op hien zeréckgefouert ginn, déi brutal Ermordung vum Mary Hogan a Bernice Worden. Hien huet och doudeg Kierperen aus Griewer geklaut, fir doraus makaber Alldagsgéigestänn an "Trophéen“ ze maachen. Seng Obsessioun op Fraen, Doud a Kontroll hu spéider Horrorfilmer wéi Psycho oder "Das Schweigen der Lämmer" inspiréiert.
Stäerkten a Schwäche vun der Serie
De Schauspiller Charlie Hunnam als Ed Gein iwwerzeegt a gëtt Ablécker an eng Persoun, déi eng staark psychologesch Stéierung hat an dofir och ni méi aus der Psychiatrie erauskoum. D’Cinematographie bréngt et och a vill Momenter fäerdeg, d’psychologesch Spannung ze ënnersträichen. Den Optrëtt vum Vicky Krieps als Ilse Koch ass kuerz, mä prägnant.
A villen Zeene feelt eng historesch Basis, d'Trennung vu Fakten a Fiktioun ass fir de Spectateur net nozevollzéien. D'Geschicht vum Ed Gein an aacht Episoden ze erzielen, gëtt engem geleeëntlech d'Gefill, dass d'Serie an d'Längt gezu gëtt, fir an en Netflix-Format ze passen.

© Santiago Felipe / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Wann een d'Kombinatioun vun True Crime a Fiktioun gären huet, ass "Monster: The Ed Gein Story" eng Serie déi engem gefale kéint.
Historesch korrekt si seng Morden a makaber Praktiken, vill Passagë sinn erfonnt a sollen dramaturgesch d’Psychologie vum Täter ënnersträichen. Wat mol méi mol manner gutt geléngt.
Gäre kënnt Dir Är Meenung zu dëser Serie an de Commentairen deelen.