En Donneschdeg de Moie gouf den éischten Artist fir déi 6. Editioun vum Museksfestival annoncéiert, dee vum 12. bis de 14. Juni 2026 nees um Gaalgebierg zu Esch-Uelzecht organiséiert gëtt.

De Gims ass ee franséische Rapper a Sänger, dee fréier zu der Grupp "Sexion d'Assaut" gehéiert huet. Bekannt ass hien ënner anerem duerch Lidder wéi "Est-ce que tu m'aimes?" oder "Ninao". Am Summer 2026 wäert hien déi 6. Editioun vun de Francofolies mat sengem Optrëtt um Sonndeg als groussen Héichpunkt ofschléissen.

Wien nach alles op deem Weekend optrëtt, wäert an nächster Zäit vun den Organisateure matgedeelt ginn. Mat der Annonce vum éischte Kënschtler ass et vun elo un awer och scho méiglech, sech Tickete fir de Festival ze sécheren.