Ënnert anerem de Pascal Schumacher an d'Danae Dörken trieden am Trifolion op. De Festival dauert nach bis e Sonndeg.

Wéi all Joer stinn eng Rei national an international Museker op der Bün, fir hir klassesch, barock oder Kammermusek ze presentéieren. Dëst Joer ass och de Vibraphonist Pascal Schumacher dobäi, deen zesumme mat der Pianistin Danae Dörken viru kuerzem den Album Glass Two erausbruecht huet. Den Duo weist e Freideg den Owend um 20 Auer e gemeinsame Concert, an deem een dann natierlech d’Lidder aus dësem Album presentéiert kritt.

Dat ass awer net alles, wat dëse Weekend gebuede gëtt. E Samschden an e Sonnde sinn och Concerten an interessant ass hei, dass verschidde Museker gemëscht optrieden. Esou zum Beispill d‘Sandrine Cantoreggi mam Joseph Moog. Och huet sech den Echter‘Classic dëst Joer mat Kultur | lx zesummegedoen, fir eng Rei Concerten an enger sougenannter Schowcase Session z‘organiséieren. Hei triede virun allem jonk Kënschtler, déi vun engem Jury ausgewielt goufen, op. Dat ass dëse Samschden um 16.45 Auer am Trifolion.

Donieft ass nach e weideren Highlight de Concert vum Pianist Christian Zacharias. Et wäert dem Museker säi leschte Concert un engem Instrument sinn, duerno wäert hie seng Karriär als Dirigent poursuivéieren. Dëse Concert ass och e Samschdeg um 20 Auer.

Dee ganze Programm an Tickete fir den Echter’Classic fannt dir hei: trifolion.lu