Bekannt aus "Traumschiff" a "Großstadtrevier"
D'Schauspillerin Wanda Perdelwitz bei Accident mam Vëlo gestuerwen

© MONIKA SKOLIMOWSKA / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP
Déi däitsch Schauspillerin ass schonn den 28. September no engem graven Accident mam Vëlo gestuerwen.
Wéi déi däitsch Medie schreiwen wier déi nëmme 41 Joer al Schauspillerin Enn September mat hirem Vëlo géint eng Autosdier gerannt, déi opstoung. Duerch d'Kollisioun ass d'Schauspillerin gefall a gouf liewensgeféierlech um Kapp blesséiert.
Kuerz drop wier si an engem Klinik zu Hamburg un de Suitte vum Accident gestuerwen. Virun allem a Krimiserien wéi "Großstadtrevier", "Tatort" oder "Alarm für Kobra 11", mä och zum Schluss bei der Serie "Traumschiff", war d'Wanda Perdelwitz ze gesinn.
Am meeschte gelies