E Samschdeg ass déi 24. Nuit des Musées

© RTL Archivbild
Mat engem Entréesticket a 7 verschidde Muséeë goen, an ënnerschiddlech Kollektiounen, oder awer och eng sëllege kulturell Performancen an Aktivitéiten erliewen.
Dëst Joer zitt sech e roude Fuedem duerch d‘Muséeën. Den Humor ass en zentraalt Element an deemno kritt ee vu Stand-up Comedy bis hin zu Clownenoptrëtter allerhand gebueden. Et kann ee sech also op e lëschtegen Owend astellen.
An der Villa Vauban bréngt zum Beispill d’Lil’ Aïda d’Visiteuren um 19 Auer mat Stand-up Comedy zum Laachen. Duerno gi verschidde Concerten an en DJ-Set ugebueden. Ausserdeem kënne Grouss a Kleng de ganzen Owend iwwer an engem Atelier hiren eegene Pin mat engem Motiv aus dem Musée hierstellen.
Am Casino gëtt et, och um 19 Auer, e Stand-up Optrëtt vum Jorge De Moura. Iwwert den Owend verdeelt lafe verschidde Concerten, eng Performance vum Marco Godinho, esou wéi eng vum Aline Bouvy an en Atelier mam Kënschtler Sam Krack.
Wien eréischt méi spéit am Owend an d’Stad geet, kann och nach um 21 Auer eng Comedy Show am Lëtzebuerg City Musée erliewen. Hei ginn zousätzlech eng Rei Kanneratelieren ugebueden an och nees den traditionelle Sing-along, dat um 19.45, 21.30 an um 23 Auer.
Am Nationalmusée um Fëschmaart gëtt et Stand-up Comedy vum Joana Costa ze entdecken, eng audiovisuell Performance vum Filip Markiewicz, eng immersiv Installatioun an e Molatelier fir Erwuessener.
Am Naturmusée am Gronn kritt een iwwert den Owend verdeelt ëmmer nees eng Clowneshow gebueden. Ganz ouni Dialog, bréngt e Pantomim d’Leit mat Gesten un d'Laachen. Och hei kann een en Atelier, e Concert an eng Performance erliewen.
Nieft deem spezielle Programm um Owend, kann een och bei enger Rei guidéierten Toure matmaachen. Fir déi, déi wëllen, fueren Navetten tëschent de Muséeën hin an hir. De ganze Programm vun der Nuit des Musées, déi vu 17 bis 1 Auer geet, mat allen Detailer fannt der op museumsmile.lu.

© nuit-des-musees.lu / Facebook