"Lëtzebuerg, du hannerhältegt Stéck Schäiss" Stéck vu Richtung 22 iwwer Nationbranding elo ganz am VIDEO

"Lëtzebuerg, du hannerhältegt Stéck Schäiss" persifléiert op kabarettistesch Aart a Weis, wéi probéiert gëtt, dem Land e positiven Image ze ginn.

D'Theaterkollektiv "Richtung 22" huet an der Lescht vill vu sech schwätze gedoen an dat wéinst dem Titel vun sengen neien Stéck "Lëtzebuerg, du hannerhältegt Stéck Schäiss". Op de sozialen Netzwierker huet d'Viviane Reding beispillsweis d'Kredibilitéit vun den Auteuren an Fro gestallt an de Fernand Kartheiser huet sech souguer an enger parlamentarescher Fro un d'Kulturministesch Gedanken doriwwer gemaach, ob si sech bewosst wier, datt de Logo vum Kulturministère op där faméiser Affiche wier an a wéi wäit dee Projet géing ënnerstëtzt ginn. D'Claudia Kollwelter war d'Stéck fir eis kucken ...

"Lëtzebuerg, du hannerhältegt Stéck Schäiss": Theaterkritik
Vum Claudia Kollwelter



All Joer sichen déi jonk Schauspiller vu Richtung 22 sech en Thema aus, iwwert dat si da jeeweils e Film an en Theaterstéck produzéieren. Dëst Joer stoung den Nationbranding am Fokus vun hirer Aarbecht. 't war also scho vill rieds iwwer d'Stéck, ier et iwwerhaapt de Wee op d'Bühn fonnt hat.

D'Kollektiv huet also schonn eng gutt Viraarbecht geleescht, ma och op der Bühn konnt een iwwerzeegen.

An annerhallwer Stonn gëtt den Nationbranding, wéi e vun der Chambre de Commerce zesumme mat "Luxembourg for Finance" an "Luxembourg for Buisness" an der Regierung opgestallt gouf, op d'Schëpp geholl. Ob Xavier Bettel, Pierre Gramegna oder Francine Closener - op kabarettistesch Aart a Weis gëtt duergestallt, wéi probéiert gëtt, dem Land e positiven Image opzedrécken.

D'Texter si provokativ a sarkastesch. Sou heescht et am Stéck:

Lëtzebuerg ass e Land vun extremer politescher Stabilitéit, an deem et grondsätzlech egal ass, wéi eng Leit an der Regierung sinn. Well sech am politesche Fong näischt ännert, huet Lëtzebuerg sech eng wandlungsfäheg Fassad ginn. Jee no Situatioun si mer eng Demokratie (well dat sech sou gehéiert), eng hallef Demokratie (fir d'Portugisen auszegrenzen), eng Monarchie (fir Postkaarten an Tourist*innen) oder eng Bananne-Republik (fir Firmen, déi hir Gesetzer léiwer selwer schreiwen).

Nieft dësen Textpassagen, déi vum Kollektiv geschriwwe goufen, ass de gréissten Deel vum Stéck baséiert op Zitater, déi aus offiziellen Dokumenter an Artikele geholl goufen - an déi schwätze fir sech. Richtung22 huet net an iergendengem Sënn missen iwwerdreiwen, fir den Zuschauer op ironesch Aart an Weis kloer ze maachen wat et mam Nationbranding op sech huet.

Déi 10 Schauspiller, déi während dem Stéck déi verschiddenst Rollen iwwerhuelen, bréngen d'Wourecht op den Dësch. D'schauspilleresch Leeschtunge bleiwe vläicht e bëssen op der Streck, ma d'Kollektiv betount op sengem Site, datt et him drëm geet, mat klenge Mëttele méiglechst vill ze erreechen.

Diskussiounen hin oder hier - zanter den Ufäng vum dokumentareschen Theater ass d'Zil, de Leit e Spigel virun Aen ze halen a se opzeklären, an dat ass dem Kollektiv, wann och op sarkastesch Aart a Weis, wuel gelongen!

Schued also, datt fir den Här Kartheiser an d'Madame Reding keng Plaze méi fräi waren, fir sech vum Stéck iwwerzeegen ze loossen ...

Maggy Nagel äntwert

Op d'parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser koum en Donneschdeg d'Äntwert vun der Kulturministesch Maggy Nagel, an där si erkläert, datt den Numm vum Stéck de Moment, wou d'Ufro fir d'Subside koum, nach net stoung. Si betount och, datt et hir wichteg ass, d'Grondrecht vun der "Liberté d'expression" ze respektéieren a soumat och zouzeloossen, datt sech mat engem Konzept hannert deem d'Regierung steet, kritesch ausernanergesat gëtt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.