Mona Lisa - D'Geheimnis hannert dem Renaissance-Meeschterwierk

An de fënnef kuerzen Episode vum "Presto" ginn dës Geschichte mat klengen Animatiounen ervirgehuewenen an erzielt.
Si gehéiert zu de bekanntste Wierker op der Welt. Millioune Leit wëlle si all Joer besichen an hire Schëpfer ass de bekanntste Meeschter vun der Renaissance. D’Mona Lisa vum Leonardo Da Vinci.
Ma wat mécht d'Mona Lisa esou besonnesch? A firwat ass si haut esou bekannt a beléift?
Genau deene Froe gi mir an der Rubrik "Presto" no a kucken op d'Geschicht vum bekanntste Bild vun der Welt. Si ass ugehimmelt ginn. Si ass geklaut ginn. Si huet inspiréiert a si ass gereest. Déi weltwäit bekannt Mona Lisa verdankt hir Popularitéit enger Kombinatioun aus villen verschiddenen historeschen Evenementer, enger innovativer Moltechnik an engem mysteriéise Grinsen, dem sougenannte Mona Lisa Smile.
Si huet awer och eng kulturell Bedeitung an en Afloss op d'Konschtgeschicht. D'Mona Lisa gëllt haut als e Symbol fir d'Kraaft, déi d'Konscht kann hunn. Si steet fir e breede Spektrum un Iddien a kulturellem Mythos. D'Mona Lisa huet an hirem iwwer 520 Joer laange Liewe scho sou munches matgemaach.
An de fënnef kuerzen Episode vum "Presto" ginn dës Geschichte mat klengen Animatiounen ervirgehuewenen an erzielt. Déi éischt dräi Episode fannt Dir elo schonn an der Rubrik "Presto" um RTL Play. D'Episode véier a fënnef ginn an der Kultur-Emissioun Passepartout de 25.Oktober an den 1. November diffuséiert.