Emaischen um Ouschterméindeg zu Nouspelt an an der Stad
Op Ouschtere geet et net just ëm den Hues, deen am Gaart Eeër verstoppt, um Ouschterméindeg huet nach en anert Déier säin Optrëtt: de Péckvillchen.
Déi faarweg Péckvillecher hunn traditionell op Ouschterméindeg erëm vill Leit an d'Stroosse vun der Alstad an op Nouspelt gelackelt, och wann d'Wierder dëst Joer net esou richteg wollt matspillen.
D'Carmen Michels war fir eis op Nouspelter Emaischen luussen, wou et schonn déi 60. Editioun war.
An der Stad war et schonn déi 189. Editioun vun hirer "Éimaischen" an "De Lapouer op der Gare". Lass goung et um 8.00 Auer an der Alstad a ronderëm de Palais Grand-Ducal, bis 18.00 Auer.
A wéi all Joer war dat Ganzt ënnermoolt mat folkloristesche Gesäng, Musek an Animatiounen um Fëschmaart.