Deenen Leit, déi rezent de Statut als Refugié kruten, e Support ginn, fir sech hei am Land z'integréieren an autonom ze ginn.

AUDIO: Integratiounsprojet/Reportage Claudia Kollwelter

Dat ass d'Iddi hannert dem Projet "Réussir sa migration" vun der Asti. E Volet dovun ass den Integratiouns-Coaching, bei deem zejoert 25 sougenannten Duoen, also all Kéiers e Coach an een Refugié, matgemaach hunn. Während ee wichtege Punkt, déi administrativ Hëllef ass, geet de Projet awer wäit doriwwer eraus.

Am Virdergrond steet natierlech d'Integratioun. Et geet drëm, datt déi 2 Persounen, souwuel de Coach wéi de Refugié, vill matenee schwätzen, well et jo engersäits ëm d'Sprooch geet, erkläert d'Responsabel vum Integratiouns Coaching an der Asti, Nicki Schilt. Anersäits awer och ëm d'Alldags-Saachen, wéi Rechnungen bei d'CNS schécken. Als Coach ass et natierlech vu Virdeel, wann deen d'Lëtzebuerger Sprooch kann, de System gutt kënnt a Verbindungen huet.

An een sou en Duo ass d'Nadia an d'Alem. D'Nadia ass iwwert d'Press vum Projet gewuer ginn an huet fonnt, dëst wier eng gutt Méiglechkeet, Refugiéen kennenzeléieren a matzehëllefen. Am Mäerz hu béid Fraen, déi Kanner am nämmlechten Alter hunn, sech kënnegeléiert an d'Chemie huet och direkt gestëmmt. D'Alem kënnt aus Ethiopien an ass immens dankbar, datt et e Coach huet. D'Nadia huet mer zum Beispill gehollef, fir Lëtzebuergesch ze léieren. An hat hëlleft och menger ganzer Famill. Et huet zum Beispill arrangéiert, datt mäin Fils an d'Europaschoul ka goen.

Mee a ville Fäll entsteet tëscht den Duoen no e puer Méint eng richteg Connectioun a Frëndschaft, déi dann natierlech och no de 7 Méint unhält. D'Nadia denkt do och schonn un d'Zukunft, an déi vum Alem a senge Kanner an ass optimistesch.
 
D'Coachen, déi de Moment beim Projet matmaachen, sinn tëscht 20 an 65 Joer al. Vum September u ginn dann nei Duoen zesummegesat - am Ganze gi 35 Leit gesicht.

Hei dat offiziellt Schreiwes:

« Réussir sa migration » AMIF 2014-2020

Le projet « Réussir sa migration » qui est financé pour une durée de 3 ans par le Fonds européen Asile, Migration et Intégration (AMIF) et l’OLAI met l’accent sur une population cible : les bénéficiaires d’une protection internationale et est constitué de deux volets, à savoir

 

  • le « coaching à l’intégration »
  • le « helpdesk pour professionnels »

Après l’obtention du statut du réfugié reconnu, ces nouveaux citoyens rencontrent souvent des difficultés d’intégration dans leur vie quotidienne : trouver un appartement, s’inscrire dans un club de sport, envoyer les factures médicales à la CNS, aller régulièrement à l’ADEM, aider les enfants avec leur scolarisation, etc.

Le coaching à l’intégration  

Afin de faciliter cette transition, l’ASTI propose e.a. des coachs résidents bénévoles qui essaient de contribuer à une meilleure intégration du réfugié reconnu et de sa famille au Luxembourg en les accompagnant sur une période intensive de 7 mois.

Nous recrutons donc d’un côté des bénévoles prêts à mettre leur temps et leur expérience à disposition et de l’autre côté des bénéficiaires de protection internationale qui ont depuis récemment le statut.

Après une sélection basée sur plusieurs critères (langue, motivation, disponibilités, etc.), nous faisons le matching entre le bénévole résident « coach » et le réfugié reconnu « coaché », formalisé dans un contrat où les responsabilités du « duo » sont fixées. Chaque duo (coach-coaché) sera encadré par l’ASTI, des formations spéciales pour les coachs seront proposées et des rencontres d’échanges entre participants sont prévues.

Ce projet de parrainage va au-delà de l’aide pour des démarches administratives ou la recherche d’un emploi. Des vraies relations d’amitié se créent où l’on peut pratiquer des langues, discuter de la vie au Luxembourg, détecter les obstacles culturels et sociaux qui se présentent à l’intégration du coaché et apprendre l’un sur l’autre.

Contact Coaching à l’intégration :

Nicki Schilt

43 83 33-47

nicki.schilt@asti.lu

Veuillez trouver ici le dépliant du « coaching à l’intégration » pour coachs bénévoles et pour réfugiés reconnus.