Um Stater Geriicht ass e Méindegmoien de Prozess wéinst dem Mord un engem Lëtzebuerger Resident am August 2021 a Portugal ugaangen.

Op der Uklobänk sëtze seng deemoleg Liewenspartnerin, déi hie mat engem Insektizid soll vergëft hunn. Och dräi weider Membere vun hirer Famill, déi hir ënnert anerem solle gehollef hunn, de Mann dono an e Floss bei Figuiera da Foz ze geheien, sinn ugeklot.

Prozess ëm de Mord un engem Lëtzebuerger Resident a Portugal / Michèle Sinner

Et si komplex Familljeverhältnisser, déi sech e Méindeg um Geriicht opgedoen hunn. Am August 2021 war d’Affer, nenne mer e Pedro, mat senger laangjäreger Partnerin Ana, och dësen Numm ass, wéi all déi aner geännert, am Portugal an der Vakanz. Mat dobäi war och dem Ana säin erwuessene Bouf, Paulo, dem Ana seng Mamm, Mariana, an där hire Liewenspartner Antonio. Mat deem hat d’Ana der Policeenquête no zanter längerem eng Affär, wéi si zesummen an der Vakanz waren.

Iwwert de Pedro huet si erzielt, hie géif si physesch a psychologesch abuséieren. Aner Leit aus sengem Ëmfeld beschreiwen de Mann als e rouege Schaffert, deem seng Relatioun mam Ana gutt gelaf ass, soulaang hie bezuelt huet, a manner gutt, wann hien der Fra, déi hei zu Lëtzebuerg den RMG krut, keng Sue wollt ginn.

Verroden huet sech dee komplizéierte Clan, well en zimmlech onbehollef versicht huet, d’Spueren ze verwëschen. Eng Woch no der Dot gouf um Pedro sengem Facebook-Kont a sengem Numm e Message publizéiert, an deem et geheescht huet, hien hätt sech mat der Léift vu sengem Liewen ofgesat. Do hat dem Pedro seng Schwëster hien awer scho vermësst gemellt an déi portugisesch Police hat d'Läich scho fonnt. An Doudeger schreiwen ebe keng Facebook-Messagen. Parallel huet d’Ana mam Pedro senge Bankkaarte Suen um Bancomat opgehuewen. Um Iwwerwaachungsvideo ass si kloer ze erkennen. Si huet sech och iwwert dem Pedro seng Liewensversécherung informéiert.

Dee Moment stoung d’Famill och schonn ënnert Ecoute. Sou huet d’Police nogelauschtert, wéi driwwer riets goung, datt Mariana hirem Enkel Paulo erkläert hätt, wat e soll bei der Police soen.

Bei der Auswäertung vum informatesche Material huet d’Police festgestallt, datt den Antonio en décke Mount virun der Dot um Internet no "Poison qui ne laisse aucune trace" gesicht hat an an engem brasilianesche Webshop wollt e "poison pour tuer les personnes" bestellen. D’Riichterin sot: "Wann et net esou schlecht ausgaange wär fir de Pedro, kéint ee mengen, et wier een an enger Telenovela."

Tatsächlech ass d’Ana de Resultater vun der Enquête no erstaunlech kalbliddeg virgaangen. Si huet hir Cousine geschéckt, d’Gëft bei den Apdikter kafen, mam Virwand, et wier fir dem Pedro seng Schwëster. D’Mariana ass matgaangen. Nodeems déi Kommissioun erleedegt war, si si e Fierkel bestelle gaangen, fir e Fest, dat dräi Deeg nom Mord och tatsächlech war.

Wärenddeem hir Cousine an hir Mamm an der Apdikt waren, huet d’Ana warscheinlech selwer no enger Plaz gesicht, wou si de Pedro kéinten an d’Waasser geheien. Dem Mariana schreift si, si hätt schonn e Kierfecht fonnt. Op de Fotoe vum Fest dräi Deeg nom Mord géing d’Ana danzen, sou den Enquêteur viru Geriicht.

Objektiv Beweiser géif et net vill, huet d’Riichterin um éischte Prozessdag festgestallt. Ma d’Police hat an de Messagë weider Indicë fonnt. Sou war ee Message vum Mariana un d’Ana Enn Oktober, hiert Meedche misst sech elo en neie, räiche Mann sichen. D’Ana äntwert: "Tu es folle? Tu veux que je le jette à la Moselle après cinq ans?" Doriwwer laachen déi zwou Fraen.

De Prozess geet en Dënschdeg virun.